"The Picturebooks" op der Bün vun der Schungfabrik zu Téiteng

"The Picturebooks" ass eng Zwee-Mann-Band aus Däitschland, déi eng Mëschung aus méi haardem Rock, Blues, Alternativem Rock a Country maachen.
E Samschdeg den 22. Februar spillt déi däitsch Band "The Picturebooks" an der Schungfabrik zu Téiteng.
"The Picturebooks" ass eng Zwee-Mann-Band aus Däitschland, déi eng Mëschung aus méi haardem Rock, Blues, Alternativem Rock a Country maachen. An de Joren huet sech ronderëm de Fynn Grabke (Guitar a Gesang ) a Philipp Mirtschink (Batterie/Perkussioun) eng trei Fanbase forméiert.
Ënnert anerem huet "The Picturebooks" schonn d'Bün mat Bands wéi Clutch, Wolfmother oder Kadaver gedeelt. Mat hirem 5. Album “Albuquerque” sinn d'Jongen dann elo nees op Tour a maachen och zu Lëtzebuerg en Tëschestopp.
Als Virgrupp spillt Low Volts, e Solo-Act, deen "The Picturebooks" op hirer Tour duerch Europa begleet. Lass geet et um 20 Auer.