Am Alter vun 78 Joer ass de fréieren Direkter vum Escher Conservatoire Fred Harles gestuerwen. Dat huet den 100.7 de Moie gemellt.

Hie war bis 2011 Direkter vum Conservatoire. Enn de 60er Joren huet de Fred Harles als Museksproff an der Escher Museksschoul ugefaangen. Als Chargé huet hie Coursen an der Trompett ginn, studéiert hat hien am Conservatoire Royale zu Bréissel. 1978 huet hien d’Successioun vum Guy Reimen als Direkter vum Conservatoire iwwerholl a war iwwer 30 Joer Direkter.

De Museker huet selwer Trompett gespillt an huet ënner anerem d’Brass Band vum Conservatoire mat gegrënnt.

50 Joer Brass Band vum Escher Conservatoire
Viru 50 Joër huet den deemolegen Direkter vum Escher Conservatoire , de Fred Harles, eng Sektioun Brass Band gegrënnt.
RTL

© Val Wagner / RTL