Et ass e Projet vun der Käerjenger Museksschoul. Si feieren dëst Joer hir 60 Joer. Bei engem ronne Gebuertsdag wier et Traditioun, eng CD opzehuelen.

Déi ronn 50 Kanner an der Chorale vun der Käerjenger Museksschoul sinn all tëscht 4 an 12 Joer al. Si sangen op verschiddene Sproochen an deels esouguer dräistëmmeg. Déi 20 Lidder goufen all auswenneg gesongen. An et gouf e Concert fir d’Elteren organiséiert. D’Sue goufen un den Télévie gespent, fir dass och d’Kanner léieren, dass Spenden a Generositéit zum Liewe gehéieren, erkläert d’Ada Chele, Dirigentin vum Kannerchouer.