Kendrick Lamar a Beyoncé sinn d'Gewënner vum Owend

© FRAZER HARRISON GETTY IMAGES NORTH AMERICAGetty Images via AFP
E Sonndeg den Owend goufen zu Los Angeles fir déi 67. Kéier d'Grammy Awards fir déi beschte musikalesch Leeschtunge verginn.
De Präis fir den Album vum Joer geet dëst Joer un d'Beyoncé a sengem "Cowboy Carter", deen jo de Genre vum Hip Hop deels op d'Kopp gehäit huet. Hei ginn nämlech Rap an R&B mat Country gemëscht, e Stil, an deen een d'Beyoncé virun dësem Album elo manner kategoriséiert huet. Am Ganze konnt d'Sängerin dräi Präisser e Sonndeg gewannen. D'Beyoncé ass dann och déi Artistin, déi de Grammy zënter sengem Bestoen bis ewell am dackste gewonnen huet.
Ma déi meeschte Grammyen dëst Joer huet awer den Ausname-Rapper Kendrick Lamar gewonnen, deen all Kategorie, an där hien nominéiert war, konnt gewannen. Grouss Gewënner waren dann och nach d'Sabrina Carpenter, dat an zwou Kategorie konnt ofraumen. Z'ernimme wier och nach d'Chappell Roan, dat de Präis fir de beschten neien Artist krut.
Hei d'Lëscht mat all de Gewënner
Album of the Year: "Cowboy Carter" - Beyonce
Record of the Year: "Not Like Us" - Kendrick Lamar
Song of the Year: "Not Like Us" - Kendrick Lamar, songwriter (Kendrick Lamar)
Best New Artist: Chappell Roan
Best Pop Solo Performance: "Espresso" - Sabrina Carpenter
Best Pop Duo/Group Performance: "Die with a Smile - Bruno Mars and Lady Gaga
Best Pop Vocal Album: "Short n' Sweet" - Sabrina Carpenter
Best Rap Album: "Alligator Bites Never Heal" - Doechii
Best Rap Song: "Not Like Us" - Kendrick Lamar
Best Rap Performance: "Not Like Us" - Kendrick Lamar
Best Music Video: "Not Like Us" - Kendrick Lamar
Best Dance/Electronic Album: "Brat" - Charli XCX
Best Rock Album: "Hackney Diamonds" - The Rolling Stones
Best Rock Performance: "Now and Then" - The Beatles
Best Country Album: "Cowboy Carter" - Beyonce
Best Country Solo Performance: "It Takes a Woman" - Chris Stapleton
Best Country Duo/Group Performance: "II Most Wanted" - Beyonce ft. Miley Cyrus
Best African Music Performance: "Love Me JeJe" - Tems