78. Editioun
Vum 13. bis de 24. Mee ass Filmfestival zu Cannes

Déi franséisch Actrice Juliette Binoche wäert dëst Joer de Jury presidéieren.
Dat gouf um Dënschdeg de Moien offizialiséiert. Déi 60-Joer-al Oscar-Gewënnerin hat hiren éischten Optrëtt op der Croisette viru genee 40 Joer.
D'Juliette Binoche ass eng vu wéinege Schauspillerinnen, déi bei den 3 wichtegste Filmfestivaler an Europa ausgezeechent gouf: zu Cannes, Venedeg a Berlin. Fir hir Roll am Krichsdrama "Der Englische Patient" aus dem Joer 1996 krut si en Oscar fir déi beschten Nieweroll.
Déi aner Membere vum Jury mussen nach designéiert ginn.
Am meeschte gelies