Am Kasemattentheater kann ee sech en Theaterstéck zum Thema Aarmut zu Lëtzebuerg ukucke goen.

"E Stéck iwwert Aarmut an engem räiche Land". Dat ass den Ënnertitel vum Theaterstéck "Les Exclus du Festin", dat de Moment am Kasemattentheater gespillt gëtt. E Stéck, dat op engem Projet mam nämmlechten Numm baséiert, deen awer schonn zwee Joer zréckläit. Mat engem Buch an enger Ausstellung haten de Claude Frisoni an de Raymond Reuter d’Schicksaler vu ganz ënnerschiddleche Leit erzielt a gewisen, déi hei zu Lëtzebuerg vun Aarmut betraff sinn.

Les Exclus du Festin am Kassemattentheater / Claudia Kollwelter

D’Theaterstéck spillt sech an engem Stärerestaurant of. En Deel vum Public sëtzt och ronderëm Dëscher, an der Entrée vum Sall gëtt ee vun engem vun de Schauspiller empfaangen an op seng Plaz bruecht. Et ass een net an engem klasseschen Theater-Zenario, wou d'Stéck eréischt ufänkt, wann de Rideau fält. D'Bünebild ass ganz schlicht gehalen, alles a schwaarz-wäiss, genee wéi d’Kostümer vun den dräi Schauspiller (Céline Camara, Clara Hertz a Raoul Schlechter) déi als Garçone gekleet sinn.
De Publikum kritt de Menü presentéiert, an domat ass den Optakt gesat fir en Owend mat ganz ënnerschiddleche "Platen", fir am Vocabulaire vum Stéck ze bleiwen. Hannert deene Plate verstoppe sech verschidde Voleten, déi all mam Thema “Aarmut” ze dinn hunn. 
 
Een Thema aus verschiddene Bléckwénkel beliicht
 
D’Stéck bitt engersäits ganz vill Fakten, Chifferen a Statistiken. Dat Ganzt awer op eng verdaulech Manéier. Zum Beispill a Form vun engem Quiz, an deem de Public och mat agebonne gëtt. Op ironesch Manéier gëtt duergestallt, wéi opwänneg an deels schwéierfälleg et ass, fir verschidden administrativ Demanden ze maachen.

Dertëscht da méi emotional a seriö Zeenen, an deenen een d’Schicksaler héiert vu verschidde Personnagen, déi schonn am Kader vum Projet 2023 beliicht goufen.

D’Mëschung vun Informatiounen an Emotioune suerge fir e gudde Rhythmus an eng flott Dynamik vum Stéck. Wat der Regisseurin Leonie Rebentisch och ganz wichteg war. Zesumme mam Lëtzebuerger Dramaturg Antoine Pohu hu si sech mat Experten aus verschiddene soziale Beruffer wéi zum Beispill engem Streetworker oder der Stëmm vun der Strooss zesummegesat, fir sech un dat sensibelt Thema erunzetaaschten.
 
Gelongen Inzenéierung a Schauspiller, déi iwwerzeegen
 
D'Céline Camara, d'Clara Hertz an de Raoul Schlechter verkierperen iwwert déi annerhallef Stonn vum Stéck ganz ënnerschiddlech Personnagen a kënnen an all Roll och wierklech zu 100 Prozent iwwerzeegen. Weder de Wiessel vu Rollen nach vun Zeenen oder souguer de Sproochen – Franséisch, Lëtzebuergesch an Däitsch – hunn en Impakt op d’Leeschtung vun den Acteuren.

E wichtegt Thema, dat aus all méigleche Bléckwénkele beliicht gëtt. Dat mat enger gelongener Inzenéierung, enger gudder Balance tëscht Humor a Seriositéit a schauspilleresch staarke Leeschtungen.

“Les Exclus du Festin” kann een nach bis de 14. Februar an de Kasemattentheater kucke goen.