One Last Time feieren éischten Album
Viru bësse méi wéi zwou Woche stounge se nach an der Finall vum Luxembourg Song Contest. Elo war One Last Time nees zréck an der Rockhal mat enger Release Party fir hiren éischten Album "Between Horizons”"
Déi fënnef Kolleegen, déi zanter 2022 Musek matenee maachen, hunn de Weekend ee vun den Héichpunkte vun hirer nach jonker Bandkarriär gefeiert. Een emotionale Moment fir d’Museker vu One Last Time a besonnesch fir de Frontmann Andrea Galleti, dee seng Tréine kaum zréckhale konnt, wéi hien op der Bün verroden huet. Ronn annerhallef Stonn hu se virun ongeféier 320 Leit gespillt.
Passend zum Titel vum Album “Between Horizons” war d’Show ronderëm d’Thema Weltall opgebaut. De Jona Fersino, Bassist vun der Band, huet fir all eenzel Lidd een 3D-Bild an déi passend visuell Stëmmung kreéiert. Fënnef Méint laang huet hien dru geschafft, nieft senger Vollzäitaarbecht an de Preparatioune fir de Luxembourg Song Contest Enn Januar. “Ech hunn net vill geschlof, et ass einfach vill Aarbecht”, erzielt de Jona, "a beim LSC wosste mir jo net, dass mir nach eemol an d’Finall géife kommen, an dass lo op eemol alles zesumme kënnt. Do hu mir dann och nach an der Nuecht weider geschafft, an da Moies op d’Aarbecht."
Virun allem déi lescht véier Woche wieren extrem ustrengend gewiescht, esou den Andrea. Trotzdeem hätte se eng schéin Zäit gehat beim LSC, wou One Last Time et an der Final bis op déi 5. Plaz gepackt huet an déi drëttmeeschte Stëmme vum Publikum konnt sammelen. E Resultat, op dat den Andrea mat gemëschte Gefiller zréckkuckt.
"Wéi kann een zefridde sinn, wann een an eng Competitioun erageet, an et gëtt een net Éischten. Ech mengen, dowéinst si mir jo do. Mä mir maache Musek, fir Musek ze maachen, an eis gëtt et och nieft dem LSC. Mir sinn eigentlech frou, dass mir nieft dem Laura, wat de Star war, a Zero Point Five, déi dat ganzt Land hannert sech hunn, dass mir do awer direkt am Voting hannendru waren, dat huet eis gewisen, dass mir vill Saache richteg maachen."
Dëst Joer wéilt ee sech op den Album fokusséieren an am Ausland op Tour goen. Op d’Fro, ob mir One Last Time dann nach eng allerleschte Kéier beim nächsten LSC wäerte gesinn, koum just dëst als Äntwert: “No Comment.”
Wéi d’Releaseparty gelaf ass, a firwat deen Owend esou wichteg fir One Last Time war, gesitt Dir am Video-Reportage.