En Theaterstéck iwwert marginaliséiert Jugendlecher zu Lëtzebuerg
E Liewen um Bord vun der Gesellschaft mat problematesche Familljeverhältnisser an ouni Zukunftsvisioun. Dat erlieft den Jason am Theaterstéck Vandalium.
Dëst Theaterstéck gëtt den Ament am Théâtre du Centaure opgefouert. Frustréiert a mam Gefill eleng ze sinn, mécht dee jonke Protagonist Gewalt zu sengem Mëttel, fir sech géint d’Ongerechtegkeet, déi en erlieft, ze wieren.
Dem Jason säi Schicksal ass eent, mat deem och zu Lëtzebuerg vill Jonker ze kämpfen hunn an dofir soll dat elo am Theaterstéck thematiséiert ginn. Vandalium ass eng Coming-of-Age-Geschicht, déi duerch de Sullivan Da Silva an d’Anne Brionne op der Bün zum Liewen erwächt. Vum Kand bis hin zum jonken Erwuessene verfollege mer den Jason, dee mat senger Situatioun ze kämpfen huet. De Papp ass Alkoholiker an d’Mamm an d’Schwëster sinn Opfer vun haislecher Gewalt. Well en et net anescht vun doheem kennt, gëtt och fir de Protagonist am Theaterstéck d’Gewalt zu engem Mëttel, fir sech am Liewen ze beweisen a lant schlussendlech zu Dräibuer am Prisong.
De Sullivan Da Silva steet allerdéngs net eleng op der Bün, mee zesumme mam Anne Brionne, wat ganzer véier Rolle verkierpert: Dem Jason seng Assistante sociale, déi sech ëmmer erëm als eng Aart Fee oder als Polizistin weist, an dem Jason seng Gedanken, duergestallt a Form vun engem Alter Ego. Dat Schwéierst un dëser Aufgab war et, d’Rollen esou ze spillen, dass et och fir de Publik kloer ass, wat op der Bün geschitt.
Wéi et duerch de Personnage vum Jason kloer ugedeit gëtt, ass Vandalium en Theaterstéck, wat op déi sozial Situatioun zu Lëtzebuerg hiweist an déi verschidde Strukturen, déi sech em Jonker aus schwierege Verhältnisser këmmeren, hannerfreet.
Vandalium gëtt vum 13. bis de 26. Mäerz am Théâtre du Centaure gewisen an der Stad gewisen an ausserdeem den 28. Mäerz am Kulturhaus zu Nidderaanwen an de 14. a 15. Mee am Mierscher Theater. Weider Informatiounen iwwert d’Theaterstéck, Ticketen an Auerzäite fannt dir hei: