
Säin Doud gouf der däitscher Noriichtenagence dpa vum mat him befrënnten Tëleesproduzent Sven Burgemeister confirméiert. Nieft Haaptrollen a Krimiserië wéi "München Mord" oder "Stralsund" war hien och a grousse Long-métragen am Kino ze gesinn. Sou zum Beispill an "Napola - Elite für den Führer", "Der Untergang", "Sophie Scholl - Die letzten Tage", "Der Schuh des Manitu" oder och am siwemol mat engem Oscar ausgezeechente Film "Schindler's List" vum Steven Spielberg. Wat d'Doudesursaach ugeet, geet an de verschiddene Medieberichter vun enger "kuerzer Krankheet" Rieds, un där de 67 Joer alen Held gelidden huet.