
Den Tour de France 2028 wäert zu Reims ufänken. Dat huet den Organisateur ASO e Méindeg matgedeelt. Donieft wäerten déi véier éischt Etappen duerch d'Regioun Grand Est féieren.
Reims war fir den Optakt vun der Editioun 2028 a Konkurrenz mat Lëtzebuerg. 2014 an 2019 hat den Tour Statioun zu Reims gemaach, de leschte Grand Depart vum Tour de France zu Reims geet op 1956 zréck. Deemools war déi éischt Etapp vu Reims op Léck gaangen. N
Nieft Reims si fir déi éischt Etappen Epernay, Charleville-Mézières, Verdun, awer och Metz an Thionville um Parcours. De geneeën Tracé fir 2028 ass nach net devoiléiert ginn, mee de Peloton géif sech duerno a Richtung Lëtzebuerg weider beweegen, wou eng Etapp kéint gefuer ginn, sou den ASO-Chef Christian Prudhomme, fir déi "formidabel" Kandidatur vu Lëtzebuerg ze belounen. Am Kader vum 100. Anniversaire vum Nicolas Frantz senger zweeter Victoire hätt hien dem Luc Frieden e Passage am Grand-Duché proposéiert an dem Premier hätt déi Iddi gefall gehat.
Dat géif heeschen, datt den Tour de France op d'mannst ganz no un d'Lëtzebuerger Grenz wäert kommen. Den Optakt vun der 115. Grande Boucle ass den 24 Juni 2028.