"Dialogue - Konscht am Austausch" heescht en neie Projet, deen Enn Januar zu Wolz offiziell ageweit gouf.

Am fréiere Fotosbuttek "Deltgen" an der Grand-Rue zu Wolz kënne Kënschtler tëscht enger bis sechs Wochen an enger Residenz sech entfalen a schaffen. Wat huet et genee domat op sech a wie stécht hannert dem Projet?
 
D'Konscht an d'Kultur zu Wolz an an der Ëmgéigend fërderen, Wolz als kulturellen Zenter an de Norde vum Land als kreativ Plaz weider stäerken - dat waren am Fong d'Ausgangsziler vum Projet "Dialogue". Dat ganzt un Hand vu Kënschtlerresidenzen ze maache war d'Iddi vum Marc Scheer vu Cooperations:
 
"Residenzen an eidelen Haiser, fir eng begrenzten Zäit. Deemno wéi laang et dauert, wandere mer och mam Projet."
 
Séier goufe weider Leit mat an d'Boot geholl. Mam Eric Mangen, Rachel Hoffmann, Joel Rollinger, Didier Scheuren a Jenny Diderichs steet d'Ekipp vun "Dialogue". Leit, déi selwer schonn an anere Projeten engagéiert sinn an doduerch Erfarung matbréngen. De Joel Rollinger erkläert:
 
"Déi eenzel Leit këmmere sech ëm d’Kënschtler, datt se gutt encadréiert sinn an eppes Guddes kënne kreéieren an net komplett verlooss hei zu Wolz sëtze gelooss ginn."
 
Fir dat éischt Joer huet jidderee vun de fënnef Leit e Kënschtler proposéiert fir d'Residenz. An dat geet vun national iwwer international Artisten. Si sollen hir Spueren zu Wolz hannerloossen:
 
"Dat kann duerch visuell Projeten sinn, mee och einfach duerch Saachen déi de Leit am Kapp bleiwen: e coolen Event, den Dialog."
 
Stéchwuert Dialog wier et wichteg, datt am Austausch mat de Leit vu Wolz an de Kënschtler nei Saachen entstinn. Ee soll kënne vun deem anere profitéieren. D'Resultat dovunner ka ganz ënnerschiddlech sinn:
 
"Et kënne Projeten am ëffentleche Raum sinn, Expoen, awer och einfach nëmme Saachen, wéi datt d’Haus als Atelier genotzt gëtt, Leit an d’Haus invitéiert ginn, Eventer sinn."
 
E Projet, deen awer net a Stee gemeesselt ass a sech iwwert d'Jore weider entwéckele wäert a soll. D'Haus, an deem se aktuell sinn, steet hinnen och just bis 2026 vun der Gemeng zur Verfügung, ier et renovéiert gëtt. Fir d'nächst Joer gëtt also schonn eng aner Plaz gesicht.

Den éischte Kënschtler dee vum 1. Mäerz a Residence zu Wolz wäert sinn ass den David Hanes, e britteschen Artist. Parallel zum Projet vun de Residenzen ass och den Ausstellungsraum vum Prabbeli bëssen nei konzipéiert ginn, an do gëtt och e Programm ugebueden. Den Optakt do mécht keen anere wéi den iranesche Fotograf Alborz Teymoorzadeh, deen Enn zejoert seng Asyldemande refuséiert krut, obschonn en seng Plaz an der Lëtzebuerger Kulturzeen fonnt hat an en Aarbechtskontrakt virleeë konnt. Déi Expo gëtt vum fréieren Direkter vum Mudam Enrico Lugnhi kuratéiert.
 
Wieder Informatioune fannt der ënnert www.dialogue.lu