Lëtzebuerger Design a Konschthandwierk ginn an d’Vitrinn gestalt
Ëmmer méi Detailer ginn iwwert de kulturelle Programm vum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo zu Osaka bekannt.
Heifir huet de GIE "Luxembourg@Expo2025Osaka" mam Kulturministère, Kultur lx an der Chambre des métiers zesummegeschafft, a 600.000 Euro Budget fir d’Realisatioun bereetgestallt.
Den 13. Abrëll mécht d’Weltausstellung hir Dieren op. Bei den éischten zwou kulturellen Expositiounen am Pavillon stinn Design a Konschthandwierk am Vierdergrond. Vum 28. Abrëll bis 5. Mee wäerte 4 verschidden Designer hir Kreatiounen am Pavillon kënne presentéieren. Dëst sinn d’Julie Conrad, de Christophe de la Fontaine, de Frank Michels an de Georges Zigrand. Dës Designer hate sech op en Appel à candidatures gemellt an ekipéiere mat hire Miwwelstécker de VIP-Raum vum Pavillon.
Vum 6. Mee u wäerten zwee Wierker vum Pitt Brandenburger senger Serie "Fallen Trees" ausgestallt ginn. Wärend zwou Woche kann een déi kollektiv Aarbecht ronderëm den Hielenner an déi ronderëm den Äppelbam am Pavillon gesinn. Hien huet dës Serie initiéiert als Hommage un d’Konschthandwerk an als Hommage un d’Beem, an huet dofir mat 10 anere Konschthandwierker zesummegeschafft. Eng Keramikerin, e Flüttist, eng Filtzerin an e Goldschmadd sinn der just e puer dovunner. Op der Ausstellung "De Mains de Maîtres" 2023 huet hie fir Fallen Trees e Spezialpräis vum Jury kritt.
Mir hunn d’Designerin Julie Conrad an de Kënschtler Pitt Brandenburger besicht, sou laang wéi hir Kreatiounen nach an Europa sinn. Si verroden eis méi iwwert hir Passioun an d’Chance, hir Wierker a Japan ze weisen.