Am Rathskeller vum Cercle Cité kritt een den Ament eng Ausstellung gewisen, bei där een a verschidde fiktiv Welten andauche kann. Dat Ganzt gouf am Zesummenhang mam LuxFilmFest op d'Bee gesat an deemno schaffe béid Installatioune virun allem mat Videoen.

Ganz am Stil vum Film-Festival kritt een hei Erliefnisser gebueden, déi de Leit en alternatiivt Erliefnis zum Alldag an der Realitéit bidden. "Ceci est mon cœur" heescht eng vun den zwou Installatiounen, bei där d'Visiteure Kopfhörer an eng liichtend Jackett ugedoe kréien an esou selwer zu engem Deel vum Wierk ginn. Et kann ee sech fräi an der Ausstellung beweegen, sech op de Buedem setzen, oder esouguer leeën, fir ganz an d’Erliefnis anzedauchen. Wärenddeem ginn ënnerschiddlech Biller un d'Maueren oder Leinwänn am Raum projezéiert.

D’Inspiratioun fir "Ceci est mon cœur" war fir déi zwee Kënschtler, déi och Bridder sinn, eng ganz perséinlech. D’Wierk beschäftegt sech mat Theme, wéi der Kandheet oder dem Kierper, wat eng Uspillung op de Mëssbrauch an d’Krankheet, déi d’Bridder am jonken Alter erlieft hunn ass.

Dat zweete Wierk aus dëser Ausstellung nennt sech "Oto’s Planet". Mat Hëllef vun engem sougenannte VR-Brëll taucht een hei an eng virtuell Welt an, an där een eng Aart Kuerzfilm gewise kritt. Ze gesi gëtt et e Planéit, op deem sech zwee Personnagen, een Eenheemeschen an en Astronaut, treffen a mateneen interagéieren.
Oto’s Planet ass allerdéngs méi, wéi just e Film, deen ee passiv kuckt. Et kann een de Planéit och duerch Handbeweegunge ronderëm dréinen oder esouguer mat de Personnagen interagéieren, andeems een hinnen zum Beispill eng Fruucht vum Bam pléckt.

Wie Loscht huet, d’Realitéit fir e kuerze Moment ze verloossen, kann d’Expo "Entre réflexions et immersion" nach bis de 6. Abrëll an de Cercle Cité kucke goen.