D'Soul- an R&B-Ikon ass am Alter vun 88 Joer gestuerwen. Si huet als eng vun de bekanntste Stëmmen aus de 70er gehéiert.

Wéi et vun hirem Spriecher heescht, wier si de 24. Februar friddlech ageschlof, dat am Krees vun hirer Famill. D'Flack gëllt als eng vun de groussen Artisten aus dem Soul an dem R&B.

Gebuer gouf d'Roberta Flack 1937 zu Black Mountain an North Carolina. Hir Mamm war Organistin vum Kierchekouer an esou koum déi jonk Roberta fréi mat der Musek a Kontakt. Am Alter vu 15 Joer koum si mat engem Museksstipendium op Howard a war domadder eng vun de jéngste Studentinnen, déi jee op der Uni akzeptéiert goufen. Mat 19 huet si d'Uni ofgeschloss an huet dono als Léierkraaft an North Carolina geschafft an ass nuets an um Weekend a Clibb opgetrueden, fir hei Musek ze maachen.

1969 huet si hiren éischten Album opgeholl, den Duerchbroch koum awer eréischt zwee Joer méi spéit, wéi eent vun hire Lidder an de Soundtrack vum Clint-Eastwodd-Film "Play Misty for Me" opgeholl gouf. Dono hat si mam Cover "The First Time Ever I Saw Your Face" hiren éischte groussen US-Hit an d'Joer drop den Hit "Killing Me Softly With His Song". Fir béid Lidder krut si a Grammy a war domadder déi éischt Artistin, déi zwee Grammyen hannertenee, also 1973 an 1974 gewanne konnt.

Nach 2012 huet si en Album mat Beatles Coveren opgeholl, deen "Let It Be Roberta" heescht. Op der Bün war si nach bis 2018 ze gesinn. Ma nodeem et hir bei engem Optrëtt schlecht gouf, huet hire Management matgedeelt, datt si 2016 e Schlag erlidden hat.

D'Flack war eng Kéier bestuet, dat vun 1966 bis 1972 mam Jazz Museker Steve Novosel.