"Et ass immens wichteg fir eis, dass eis Nimm zirkuléieren!"
Op der 75. Editioun vun der Berlinale war Lëtzebuerg mat sechs Koproduktiounen an der offizieller Auswiel besonnesch staark vertrueden.
De gëllene Bier goung dëst Joer un den norwegesche Film "Drømmer" vum Dag Johan Haugerud. Als bescht Dréibuch gouf "Kontinental' 25" ausgezeechent, dee vun der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Paul Thiltges Distributions ënnerstëtzt gouf.
Am Ganze war Lëtzebuerg dëst Joer mat sechs Koproduktiounen an der offizieller Auswiel besonnesch staark vertrueden. Dat huet mat sech bruecht, dass net just d’Désirée Nosbusch sur place war, wat als Zeremoniëmeeschterin duerch den Owend gefouert huet ma och eng ganz Rei aner Lëtzebuerger Schauspillerinnen a Schauspiller wéi d’Vicky Krieps, d’Sophie Mousel oder den Tommy Schlesser.
"Déi Gesiichter um Ecran: Wann dat Lëtzebuerger sinn, identifizéiert sech de Publikum mat deenen an dat ass enorm wichteg fir Lëtzebuerg", erkläert de Guy Daleiden, Direkter vum Lëtzebuerger Film Fong.