Et ass déi normaalste Saach vun der Welt an awer ass et nach en Tabu a ville Kulturen a Gesellschaften.

D'Menstruatioun vun der Fra ass am Theaterstéck "Les jours de la lune"  d'Haaptthema. Mam Tabu briechen, nei Erzielforme fannen, Erfarungen deelen, en historescht Verständnis opbauen a virun allem de weiblechen Zyklus mat all sengen Ups and Downs verstoen a kenneléieren.

A Portugal spillt Benfica, an Däitschland ass et d'Erdbeerwoche, a Frankräich ass et d'Ketchup-Woch an d'Bloody Mary gëtt an England zerwéiert. Dëst si just e puer vu villen Alternativen, fir ze soen, datt ee seng Deeg huet. An all de Sproochen, Länner a Kulture sinn d'Mënsche kreativ fir Tabuthema vun der Menstruatioun méi verdaulech ze gestalten. D’Kand mam Numm nennen an oppen iwwer Thema vun der Reegel schwätzen, dat ass d'Zil vum Theaterstéck "Les jours de la lune".

Fir Theaterstéck si vill Recherche ronderëm Theme vum weiblechen Zyklus gemaach ginn an déi gi vu gynekologesche Violencen, der Menopause bis hin zu de Produiten, déi ee wärend der Reegel benotzt. Dobäi kommen Interviewe mat Fraen a Männer aus ënnerschiddleche Generatiounen a Kulturen, déi an d'Theaterstéck integréiert sinn. D'Stéck ass eng Zesummenaarbecht, wou hannert an op der Bün vill Erfarungen an Austausch zesummekomm sinn.

"Les jours de la lune" gëtt vum 28. Februar bis den 6. Mäerz am Ariston zu Esch gespillt.