Concert vum Tali am Atelier
D’Fans ganz no bei hirem Idol
D'leschte Freideg ass d'Tali am Atelier opgetrueden.
Et war déi éischte Kéier, datt d'Tali fir ganzer 50 Minutten op der Bün gesongen huet. Et war dowéinst och eng nei Erausfuerderung fir déi jonk Musekerin, déi Lëtzebuerg dat lescht Joer beim ESC vertrueden huet. Nieft dem Concert gouf et awer och nach e "Meet and Greet" fir d'Fans.
Mat wéi huet d'Tali dëse Concert erlieft a wat denke seng Fans iwwer hatt? Mir haten en exklusiven Abléck hannert d'Kulisse vum Concert an hu gekuckt, wéi opgereegt een dann esou ass, éier et lassgeet.
Och d'Laura Thorn huet "Fighter" mam Tali gesongen, eng Première an en Erliefnis fir déi zwou Gewënnerinne vun den den zwou éischten LSC-Editiounen.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies