Filmfong
17 Projete gi finanziell ënnerstëtzt
D’lescht Woch war de Selektiounscomité vum nationale Filmfong nees beieneen.
Vun deem Comité goufen 36 Projeten analyséiert, vun deenen der um Enn 17 zeréckbehale goufen, déi finanziell wäerten ënnerstëtzt ginn.
All d’Hëllefen zesummegeholl goufe selektiv Aiden an Héicht vun iwwer 10,5 Milliounen Euro accordéiert.
Dee gréissten Eenzelbudget kritt de Lëtzebuerger Realisateur Govinda van Maele zougesprach, fir e geplangte Long-métrage mam Vicky Krieps. Vun engem globale Budget vun 4,2 Milliounen iwwerhëlt de Filmfong via eng selektiv Finanz-Hëllef 3 Milliounen Euro.
Am meeschte gelies