Éischt Stee bleift hanner Erwaardungen

KI-Konscht beim Auktiounshaus Christie's / © AFP
Déi éischt Auktioun vu Konscht, déi just mat KI geschaf gouf, ass gréisstendeels hannert den Erwaardunge bliwwen.
Wéi d'Auktiounshaus Christie's matdeelt, gouf et fir 14 vu 34 Stécker, déi zum Verkaf stoungen, entweder keng gülteg Offer oder goufe fir manner wéi de geschate Mindestpräis versteet. E Konschtwierk erzielt méi wéi de Schätzpräis: D'Animatioun vum bekannten Digital-Kënschtler Refik Anadol mam Numm "Machine Hallucinations - ISS Dreams - A" huet mat 277.200 Dollar déi héchst Zomm abruecht.
Am Ganze koume bei der Stee, déi 14 Deeg online war, eng 728.784 Dollar Erléis zesummen. Trotz dem gemëschte Bilan bewäert d'Direktesch fir digital Konscht vu Christie's d'Auktioun als Beweis dofir, datt Sammler den Afloss an d'Bedeitung vun de Kënschtler unerkennen.
Kënschtler haten d'Auktioun am Virfeld kritiséiert a gefuerdert, se ofzesoen. 6.490 Mënschen haten eng entspriechend Petitioun mat der Begrënnung ënnerschriwwen, datt e puer Wierker mat KI-Modeller kreéiert goufen, déi onerlaabt geschützt Aarbechte benotzt hätten. An der Petitioun war vu "massivem Déifstall vun Aarbechte vu mënschleche Kënschtler" rieds.