Bekannt Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Filmzeen hu sech am Kinepolis um Kierchbierg versammelt, fir d’Ouverture vun der 15. Editioun vum LuxFilmFest ze feieren.

Wärend enger ganzer Woch dréint sech elo alles ëm de Film a gewise ginn nieft Lëtzebuerger Produktiounen och Filmer aus dem Ausland, Serien an Documentairen fir Grouss a Kleng.

Dëst Joer steet de LuxFilmFest ganz am Liicht vun hirem ronne Gebuertsdag an net nëmmen dës Zuel ass iwwer d’Joren ëmmer méi grouss ginn, ma och Lëtzebuerg huet an der Filmwelt u Wichtegkeet bäigeholl. Et géif een ëmmer méi heefeg Lëtzebuerger Produktiounen op internationale Festivaller, wéi zum Beispill der Berlinale, gesinn a se géifen och net schlecht ofschneiden, esou den Direkter vum LuxFilmFest, Alexis Juncosa. Deemno kritt een dëst Joer um Lëtzebuerger Festival allerhand Produktiounen ze gesinn, déi duerchaus mat deenen aus dem Ausland mathale kënnen.

Ronn 1.000 Filmer goufen am Ganzen erageschéckt a fir do déi richteg erauszewielen, ass sécherlech keng einfach Aufgab. D’Chiara Lentz, déi fir d’Programmatioun vum Festival zoustänneg ass, betount och, dass et hinne wichteg war, esou wuel Filmer vu Frae wéi och vu Männer ze selektionéieren. Dat ass hinnen och gelongen an esou sinn elo vun deene 9 Fiktiounsfilmer aus der Kompetitioun, 4 Filmer vu Frae produzéiert ginn a 5 Filmer vu Männer. Bei den Documentairen ass d’Statistik esouguer genau 50/50.

De ganze Programm vum LuxFilmFest, deen nach bis de 16. Mäerz an ausgewielte Kinoe leeft, fannt dir hei.