Mat "Dangerous Truth", "Hometowns" a "Finisterra" presentéiert de LuxFilmFest dëst Joer dräi Serien.

Am Kader vum Luxembourg City Filmfestival an am Partenariat mam Lëtzebuerger Filmfong ginn dëst Joer fir déi éischte Kéier och Serië gewisen. Dës sinn ëmmer zu oder a Kooperatioun mat Lëtzebuerg entstanen.

"Dangerous Truth" ass eng vun de gewielte Serien an zielt d’Geschicht vun engem jonke Mann am Programm, deen Zeie schütze soll. Wärend hien um Mord vu sengem Papp ermëttelt, stéisst hien op eng geféierlech Wouerecht. Regie féiert hei d'Éisträicherin Barbara Eder an ze gesinn si Lëtzebuerger Schauspiller wéi d‘Désirée Nosbusch oder de Luc Schiltz.

RTL

© Deal Productions

Bei "Hometowns" handelt et sech em eng Documentaire-Serie, déi d’Liewe vu sechs jonke Mënschen duerch d'Ae vu sechs jonke Filmproduzente weist. Nodeems si gezwonge goufen, hiert Doheem ze verloossen, erfuersche si hir Dreem an Hoffnungen an et gesäit een, wéi si no a no hiren eegene Wee fannen.

Trailer "Hometowns"

Nieft dem CNA waren och lëtzebuergesch Realisateuren an Zeenaristen, wéi de Lukas Grevis, d'Lucie Wahl an d’Catherine Dauphin un dëser Produktioun bedeelegt.

De portugiseschen Duo Guilherme Branquinho a Leone Niel hunn zesummen d'Serie "Finisterra" produzéiert. Dës spillt am Joer 1943matzen am zweete Weltkrich un der Westküst vun der Algarve an engem klengen Duerf. Angscht an Awerglawen dominéieren dëst Duerf, an deem d'Celeste, e Weesekand, dat der Hexerei beschëllegt gëtt, sech well rächen.

RTL

© Wild Fang Films

D'Avant-Première vun den dräi Serien ass Sonndeg den 9. Mäerz um 19.30 Auer am Kinepolis Kierchbierg. Tickete a weider Informatioune fannt Dir online.

D'Serie "Finisterra" gëtt e Samschdeg 15. Mäerz um 20 Auer och op RTL gewisen. Iwwregens eng Première, nach ni virdru gouf eng Serie op Portugisesch diffuséiert.

Zu engem spéideren Zäitpunkt wäert och nach d'Dokumentar-Serie Hometowes gewise ginn. Deen Datum gëtt nach annoncéiert.