"Niebo Hotel" heescht en immersiven Danzspektakel, deen dëse Weekend an engem Hotel um Kierchbierg gewise gëtt.

Souwuel de Spektakel selwer, wéi och den Ausgangspunkt dovunner sinn aussergewéinlech. De franséische Choreograph Christophe Garcia war viru puer Joer als Dänzer op Tournée an huet enges Daags a sengem Hotelszëmmer e Bréif fonnt. E Bréif, dee vun der Fra geschriwwe gouf, déi virdrun an der Kummer war, an un de Client dono adresséiert war. D'Fra huet engersäits vun hirer Erfarung an Erliefnisser an där Zëmmer geschriwwen, wéi se et genoss huet kënnen haart ze sangen, esou laang ze dusche wéi se wéilt, a plakeg kënnen duerch de Raum ze danzen. Den zweeten Deel vum Bréif ass e méi an dat Imaginäert gaangen. D'Fra huet sech virgestallt, wien déi aner Leit am Hotel an an de Kummeren niewendru wieren.

Christophe Garcia schwätzt iwwer säin Danzspektakel "Niebo Hotel"

E Bréif, deen duerch Zoufall an d'Hänn vun engem Choreograph fält an dësen inspiréiert e Stéck dorobber ze baséieren. Gebuer war "Niebo Hotel", eng Kreatioun, déi an Zesummenaarbecht mam Mamer Kinneksbond am Novotel um Kierchbierg opgefouert gëtt. Danz am Hotel, dat ass aussergewéinlech, an och de Verlaf vum Stéck ass alles ausser traditionell.

Et spillt sech op puer Stäck an a verschidden Zëmmer vum Novotel of an dauert ronn eng Stonn. Mee jidder Spectateur wäert seng eegen an individuell Erfarung maachen. Et kéint ee bal soen, datt et e Spektakel ass, dee fir jidder eenzele Spectateur op Moos geschneidert ass, well net jiddereen de nämmlechte Parcours mécht, net déi nämmlecht Zëmmere "besiche", an aner Dänzer erliewe wäert. De Fait, datt een net an engem Theatersall passiv op sengem Stull sëtzt, mee mat just puer anere Leit an eng Kummer vun engem Hotel geet, fir de Spektakel ze erliewen, bréngt eng extrem Proximitéit mat sech. Dobäi kënnt, datt Dänzer, Spectateuren a normal Hotelscliente sech an där Stonn kräizen an een zum Deel net weess, wie wien ass.

Eng net alldeeglech Opféierung, déi een sech net entgoe soll loossen. Dat ganzt kann een e Freideg 14., Samschdeg 15. a Sonndeg 16. Mäerz erliewen. Méi Informatioune fannt der ënnert www.kinneksbond.lu, wou een sech och aschreiwe kann.

Niebo Hotel Trailer