Déi nächst Editioun vun den Aventurë vum Asterix wäert a Portugal spillen.

"Ech hat Loscht op e Land mat vill Sonn, an deem den Asterix nach ni war", sot de Comic-Auteur Fabcaro. De Grond vun der Rees vum Asterix geet op d'Band "Le Domaine des Dieux" aus dem Joer 1971 zeréck. An dëser Editioun haten d'Portugisen no Hëllef geruff, dat huet awer an der Geschicht just eng Nieweroll gespillt.

Et wäert dat zweete Band ginn, wou den Texter Fabcaro an den Didier Conrad, dee schonn de siwenten Zeechner ass, zesummeschaffen. 2023 hate si zesummen "L'Iris blanc" erausbruecht.

Am nächsten Deel leiden d'Bewunner vu Lusitanien, wéi Portugal wärend der Réimerzäit geheescht huet, ënner der réimescher Occupatioun a froen dowéinst Hëllef bei de Gallier.

Den 41. Band wäert Enn Oktober erauskommen, dat mat emol fënnef Milliounen Exemplairen. Asterix ass den erfollegräichste franséische Comic a gouf an iwwer 110 Sproochen an Dialekter iwwersat. Zanter der éischter Editioun, déi 1959 erauskoum, goufen iwwer 400 Millioune Exemplaire verkaf.