Expo "Eternelles Instantanéités" am Prabbeli zu Wolz
Ee kënschtlereschen a kulturpolitësche Message, “Dialogue” hëllt Wierker vum Alborz Teymoorzadeh zréck op Lëtzebuerg.
Zu Wolz am Prabbeli kann ee grad déi éischt Ausstellung am Kader vum Kënschtlerprojet “Dialogue” kucken. D’Expo, déi den Optakt mécht, steet net nëmmen am Numm vun der Fotografie, ma setzt och en Zeeche fir déi aktuell Kulturpolitik zu Lëtzebuerg.
Ënnert dem Titel "Eternelles Instantanéités" weist den iranesche Fotograf Alborz Teymoorzadeh seng Fotografien a Video-Installatiounen. Hie selwer dierf awer op der Expo net dobäi sinn. Am Oktober 2024 ass de Kënschtler vun der Lëtzebuerger Regierung aus dem Land ausgewise ginn. Seng Konscht hätt fir Lëtzebuerg “keng wirtschaftlech Plus-value”. Den Didier Scheuren vun “Dialogue” huet d’Konscht vum Alborz Teymoorzadeh awer fir hier éischt Expo zréck op Lëtzebuerg geholl.
Nodeems den Alborz Teymoorzadeh d'Land huet misse verloossen, ass hien op Bréissel gaangen. An der Belsch huet hien eng Ufro fir eng Openthaltsgeneemegung gemaach.
Den Alborz Teymoorzadeh, Fotograf a visuelle Kënschtler:
"An den nächste sechs Méint decidéiert sech, ob ech eng Openthaltserlabnis an der Belsch kréien oder net. Wärend där Zäit kann ech fir een anere schaffen, ma ech dierf mech awer net selbststänneg maachen oder eng Societéit grënnen. Wann ech dann d’Äntwert kritt hunn, maachen ech rëm méi Projeten zu Lëtzebuerg a sinn och rëm perséinlech do. Meng Frënn a meng Famill sinn zu Lëtzebuerg."
Fir seng Wierker ze rummen, ass de Fotograf op St. Vith an den Atelier vum Didier Scheuren gereest. Ma fir d'Ausstellung ze plangen an eng Selektioun vu senge Wierker ze maache stoung hien am enke Kontakt zum Enrico Lunghi. Hien ass Curateur vun der Expo.
D'Wierker vum Artist sinn an engem zentralen Thema vereent, an dat ass déi sozial Existenz vum Mënsch. Motiver, mat deenen hien hei vill geschafft huet sinn: Architektur, Theater an de mënschleche Kierper. D’Expo leeft nach bis den 30. Abrëll.
A wien nach méi iwwert d’Expo an de Kënschtlerprojet "Dialogue" wëll gewuer ginn, kann dat um RTL Play nokucken.