Zënter dem Ufank vum Luxembourg City Film Festival gëtt d'Programmatioun fir Kanner a Jugendlecher grouss geschriwwen.

Domadder ass et net den eenzege Filmfestival an Europa. Zum Beispill spillt d'Jugend och op der Berlinale eng grouss Roll. Um LuxFilmFest waren d'lescht an dëst Joer ëm 6.000 Kanner a Jugendlecher wärend eleng 7 Deeg an de Seancen am Kino. Ugebuede goufen ausgewielte Filmer fir Kanner vun 3 Joer un, bis hin zu Ateliere fir Teenager. Dëst Joer waren ënner anerem och de Film "Flow" an "No other Land", déi allebéid 2025 en Oscar gewonnen hunn, an der Jugendprogrammatioun vertrueden.

Déi Jéngste kënnen och schonn Deel vun enger Jury sinn, entweder an der Kannerjury, der Schülerjury oder der Jugendjury.

D'Kannerjury 2025 huet aus den 18 Kanner aus der Schoulklass C4.1. vu Beggen bestanen. D'Schülerjury 2025  war d'Klass 7ième Découverte aus dem Lycée Robert-Schuman an an der Jugendjury 2025 ware 7 Schülerinnen aus der 3ième A aus dem Lycée Robert-Schuman vertrueden.

D'Catherine aus der Jugendjury ass der Meenung, dass dës Jugendprogrammatioun ganz wichteg ass: "Ëmmerhin si mir awer eng nei Generatioun an aus eis kënne vläicht och e mol e futur Regisseur oder eng Schauspillerin ginn, dat heescht ech fannen et scho wichteg, dass déi Jonk awer och bësse wësse wéi ee mat Filmer ëmgeet, dass ee Filmer kucke geet an sech och dofir interesséiert."

D'Heloise gesäit et och als Chance, fir Deel vun der Jugendjury ze sinn: "Ech freeë mech drop, nei Filmer ze entdecken, déi ech de base net wierklech géing kucke goen."

D'Hannah ass ganz frou iwwer déi 7 Filmer, déi si am Kader vun der Jugendjury kucke gaange sinn: "De Filmfestival war ganz spannend an ech muss soen, dass all d'Filmer och vill méi sou eng grouss Perspektiv op d'Welt erméiglecht huet. An et war wierklech eng immens schéin Erfarung."