Schonn déi 3. Kéier war Lëtzebuerg mat engem Stand an enger grousser Panoplie u Literatur an den Hale vertrueden.

Am Zentrum vu Bréissel an den Hale vun Tour&Taxis an der Gare Maritime ginn et méi wéi 300 Exposanten, 1.200 Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, Liesungen, Auteure-Treffen an Diskussiounsronnen. Domat gehéiert d’Bréisseler Bicherfoire zu enge vun de gréisste literareschen Evenementer am franséische Raum.
 
Um Lëtzebuerger Stand gouf eng grouss Panoplie u Literatur gebueden.  Nieft de Lëtzebuerger Schrëftsteller Jérôme Quiqueret, Florent Toniello oder Ian de Toffoli war och den Antoine Pohu um Lëtzebuerger Stand vertrueden. De jonken Auteur, dee fir seng Aarbecht tëscht Lëtzebuerg a Bréissel pendelt, war scho mat e puer vu senge Wierker op der Foire, ënnert anerem mat sengem neie Roman “Après nos désirs”.
 
Mat 85.000 Visiteure war d’Bicherfoire zu Bréissel och dëst Joer rëm e grousst Evenement fir all Literaturbegeeschtert.