Stater Rotonden hunn zejoert mat 72.700 Leit liicht méi Visiteure gezielt wéi 2023

Déi Responsabel soe sech ganz zefridden domadder, besonnesch well dëst Joer e gréissere Chantier am Kader vun de Renovatiounsaarbechten usteet.
Deen huet en Impakt op d'Programmatioun. De Festival "PICeletroNIC", deen d'lescht Joer 2200 Leit ugezunn huet, beispillsweis gëtt Enn Abrëll wéinst den Aarbechten och baussent dem Site organiséiert.
Zejoert goufen 147 Lëtzebuerger an international Produktiounen an de Rotonden opgefouert. Wat d'Musek betrëfft, bleift de Festival "Congés annulés" mat ronn 9.700 Leit mat Ofstand deen Evenement, deen am meeschten Zoulaf huet. Déi 9 Mäert, déi organiséiert goufen, hätten e Rekordzoulaf vun am Ganzen méi wéi 18.000 Visiteure kannt, heescht et an engem Communiqué vun de Responsabelen.