"Ech hat Chance am Liewen"

© MARKUS WACHE APA-PictureDeskAPA-PictureDesk via AFP (Archiv)
Seng éischt Léift wäert och déi lescht sinn. De Blues huet den Eric Clapton, trotz allem kommerzielle Succès, ni lassgelooss.
"Eng Inspiratioun fir d'Liewen an eng Kraaft, fir mat de Contrainte vum Alldag fäerdeg ze ginn." Esou huet den Eric Clapton emol seng Affinitéit zum Blues beschriwwen. Seng Begeeschterung fir déi Zort Musek, a seng Interprete beaflossen hie vu Klengem un. Als Kand vun enger 16 Joer jonker Mamm an engem kanadeschen Zaldot, dee bei senger Gebuert d'Land scho rëm verlooss huet, wiisst de rouege Jong bei de Grousselteren um Land op, am Glawen, dës wiere seng leiflech Elteren a seng Mamm seng grouss Schwëster. Fir säin 13. Gebuertsdag kritt hie seng éischt Gittar geschenkt - un där hien ugangs kee Spaass huet. Fir positiv Inspiratioun suergt ënnert anerem de Museksprogramm vu Radio Luxembourg.

Vill Gruppen, vill Succès
Mat 17 brécht de Clapton säi Konschtstudium zugonschte vun der Musek of. Éischt Succèse kann hie bei de Yardbirds feieren, lant awer séier duerno beim John Mayall senge Bluesbreakers. Hei gëtt hien zum gefeierte Star - Fans schreiwen zu London "Clapton is God" op d'Maueren. Mä och do hält de virtuose Gittarist sech net laang op a grënnt 1966 zesumme mam Ginger Baker a mam Jack Bruce de Grupp Cream. Net wéineg Leit hiewen dës éischt Supergroup an der Geschicht vun der Rockmusek op een Träpplek mat de Stones an de Beatles.
2 Joer, vill Succès a vill Sträit méi spéit zitt de Clapton weider bei de Steve Winwood an den nächste Supergrupp Blind Faith. Dat nämmlecht Spill hei: grouss Differenze féieren zum séieren Enn. Wéineg méi spéit ginn Derek and the Dominos gegrënnt. Just een Album brénge se zesummen. Mä wat fir een: Layla and other assorted Lovesongs gëllt haut als ee vun de beschte Clapton-Albumen iwwerhaapt. Den Titelsong Layla gëtt zum Kultsong. Et ass eng Libeserklärung un dem Beatle George Harrison seng Fra Pattie Boyd, déi hie spéider bestuede wäert.
Héich Héichten, déif Déiften
Mam groussen Erfolleg kommen Ufank de 70er méi Drogen an d'Spill. De Gittarist, dee lues awer sécher och méi Gefalen um Gesang fënnt, lieft op enger rosa Wollek a brécht méi wéi eng Kéier op der Bün zesummen. Oder hie spillt ganz Concerten am Leien. 1974 kënnt hie mam Pattie Boyd zesummen - d'Frëndschaft mam George Harrison bleift trotzdeem weider bestoen. Mam Cover vum Bob Marley-Hit I shot the Sheriff lant hie säin nächste groussen Hit a säin eenzegen Nummer 1-Song an de Billboard Charts. No den Droge verfält de Clapton elo awer jorelaang dem Alkohol.
Nom Entzuch kënnt de Museker Mëtt den 80er Joren esou lues rëm an den Trëtt. Fir seng Optrëtter gëtt hie vum Gianni Versace agekleet. No Affären, aus deenen 2 Kanner stamen, gëtt hie 1989 vum Pattie Boyd gescheet. 2 Joer méi spéit fält säi 4 Joer ale Bouf Conor zu New York aus dem 53. Stack vun engem Héichhaus. Seng Trauer verschafft de Clapton déi Kéier net mat Drogen, mä mat der Musek. Tears in Heaven gëtt zu sengem gréissten Hit, an duerno zu engem vun de meeschtgespillte Lidder op Begriefnisser. D'Bezéiung zur Mamm vum Jong zerbrécht iwwregens duerno, well si eng Affär huet mam... George Harrison.
Succès an der Trauer
Dem Clapton säin MTV Unplugged Album bréngt him 1993 6 Grammyen. 3 weider Auszeechnunge ginn et fir de Filmsong Change the World - am ganze 17 Mol wäert hie mam Oscar vun der Museksindustrie belount ginn. Den Album From the Cradle féiert hien zréck bei seng Blues-Wuerzelen. No sengen Erfarunge mat Drogen an Alkohol mécht hien 1998 op Antigua seng Drogeklinik Crossroads Centre op, fir Süchtegen eng nei Chance ze ginn. Geld dofir gëtt gesammelt mat de reegelméissege Crossroads Guitar Festivallen, op deenen déi gréisst Staren aus der Blues- a Rockzeen optrieden.
De Clapton ass Ufank den 2000er Joren arrivéierte Museker, dee just nach Musek muss maachen, well e wëll, an net well e nach muss. Mä dat mécht hie weider gären. "Ech gi geckeg, wann ech méi wéi 10 Deeg op där selwechter Plaz sinn, ech muss da weider", seet hien an engem Interview. Albume mat Frënn a Virbiller wéi B.B. King an J.J. Cale, eng Reunion mat de Kolleege vu Cream, an 3 Concerte mam Steve Winwood gehéieren zu den Highlighten, Clapton-Autobiografie a -Best-of-Album dierfen net feelen. Donieft bestit hie sech fir d'zweet a kritt mat senger neier (a nach ëmmer aktueller) Fra Melia 3 Duechteren.
Wie rascht, dee rascht
Den Alter an d'Strapaze vun der Karriär zéien natierlech och net un him erlaanscht, ouni Spueren ze hannerloossen. Den Eric Clapton héiert net méi gutt, hien huet Tinnitus a leit ënnert enger periphärer Neuropathie. Kee Grond fir net méi op Tour ze goen. Zum Kultmuseker geräift, si seng Optrëtter nach ëmmer ausverkaaft. Eleng an der Royal Albert Hall zu London trëtt hie méi wéi 200 Mol op. De Clapton muss een erlieft hunn. Wien dat awer léiwer doheem op senger Stereosanlag (wie streamt schonn?) wëllt maachen, huet genuch Choix. Seng gréisste Concerten a Live-Albume sinn alleguer nei opgeschafft a released ginn. Erausstécht den Documentaire Nothing but the Blues vu 1995, un deem de Martin Scorcese bedeelegt war. Dëse Film ass eréischt 2022 an de Verkaf komm. Trotz dem héijen Alter mécht de Clapton och nach ëmmer nei Musek. Réischt leschten Hierscht ass säi 24. Studioalbum Meanwhile erauskomm.
Slowhand
Dem Eric Clapton säin allsäits bekannte Spëtznumm Slowhand staamt aus de 60er Joren. Wärend Concerte mat de Yardbirds huet hien dacks wärend den Optrëtter Säite vu senger Gittar mussen ersetzen, well dës sou dënn waren a gerass sinn. Wärend deem Opzéien huet de Publikum reegelméisseg lues an d'Hänn geklappt, fir d'Zäit z'iwwerbrécken - wat e Manager drop bruecht huet, de Clapton Slowhand ze nennen.
Rekorder
An enger Karriär, déi méi wéi 6 Joerzéngte laang dauert, komme sëllegen Auszeechnungen zesummen. Den Eric Clapton ass als eenzege Museker 4 Mol an d'Rock n' Roll Hall of Fame opgeholl ginn. Säin erfollegräichsten Album, mat méi wéi 26 Millioune verkaaften Exemplairen, ass den MTV Unplugged vun 1992. World Music Award, American Music Award, Billboard Music Award, Brit Award, BAFTA Award, Ivor Novello Award a nach vill aner Präisser stinn op sengem Fënsterbriet. 1990 ass en Asteroid no him benannt ginn, an zanter 1994 dierf hie sech als Officer of the British Empire offiziell Sir nennen. Dem Rolling Stone Magazine no ass hien nom Jimi Hendrix den zweetbeschte Gittarist vun allen Zäiten. Net schlecht fir en Typ aus dem Surrey, deen eigentlech kee Spaass um Gittarspillen hat.