"Une rose plus rouge" heescht dat neit Theaterstéck vum Christine Müller. Inspiréiert ass dëst vun de feministesche BDe vun enger schweedescher Comic-Artistin.

Si invitéiert d’Spectateuren op eng Yoga-Konferenz iwwert d’Thema Léift. Hei gëtt sech mat der Fro ausernee gesat, wisou Léift hautdesdaags ëmmer méi seele gëtt a wéi eng Roll Schéinheet an der Partnerauswiel spillt.

Beim Theaterstéck "Une rose plus rouge" gëtt alles zu engem Deel vun der Bün. Och op de Säite vum Sall spille sech verschidden Zeenen of an esouguer d’Spectateure hunn als Visiteure vun der Yoga-Konferenz hir eege Roll. D’Motivatioun fir d’Theaterstéck war dem Christine Müller säin eegenen Interessi um Liv Strömquist senge BDen.

D’Theaterstéck geet ganz dramatesch lass. D’Haaptpersonnagin Diane, gespillt vum Sophia Fabian, erlieft eng Trennung a geet doropshin op déi besote Yoga-Konferenz. Hei trëfft hat op d’Elli, gespillt vum Cyrille Rayet an d’Musekerin Melanie Gerber, déi dat Ganzt fir de Spectateur begleeden.

Et ass en Theaterstéck mat sozialkriteschen Theme, wat awer och vill witzeg Momenter huet. Léift a Schéinheet stinn am Vierdergrond a verschidde Fraepersonnage, wéi d’Kylie Jenner oder d’Prinzessin Sisi hunn hire Wee an d’Theaterstéck fonnt. Esou verwandelt dat Ganzt sech an eng Kritik um Patriarchat.

Bis de 6. Abrëll kann een “Une rose plus rouge” an den Nationaltheater kucke goen.