De Schauspiller a Museker Val Kilmer ass am Alter vu 65 Joer gestuerwen.

Dat mellt d'New York Times um Mëttwoch a berifft sech dobäi op dem Kilmer seng Duechter Mercedes.

De Val Kilmer huet säin Duerchbroch zu Hollywood an den 1980er Jore gepackt. A senger Roll als Iceman am Film Top Gun gouf hien 1986 weltberüümt. 1991 huet hien am Film "The Doors" iwwer déi bekannt Rockband vum Star-Regisseur Oliver Stone de Sänger Jim Morrison gespillt. Eng Roll, fir déi hie Luef vun der Kritik krut.

Donieft huet de Val Kilmer an den 90er Joren ënner anerem an "True Romance" matgespillt, fir deen de Quentin Tarantio d'Dréibuch geschriwwen huet. Am Joel Schumacher sengem "Batman Forever" war de Val Kilmer dann an der Titelroll vum bekannte Superheld ze gesinn.

De Val Kilmer huet och an den 2000er, 2010er an 2020er reegelméisseg a grousse Produktioune matgespillt. Dëst obwuel hien 2015 u Kriibs erkrankt war.

De Val Kilmer ass den 1. Abrëll 2025 un de Suitte vun enger Longenentzündung gestuerwen.