Robert Brandy mat Expo an der Galerie Indépendance an der BIL
De Lëtzebuerger Moler Robert Brandy ka schonn op en halleft Joerhonnert Schafenszäit zréckkucken.
An der Konschtwelt konnt de Brandy sech fréi a senger Karriär en Numm maachen. Den Ament stellt hien an der Galerie Indépendance an der BIL aus, eng Expo wou Vergaangenheet, Géigewaart an Zukunft zesummekommen.
Mat der Ausstellung "Passé, Présent, Futur" baut de Moler Robert Brandy eng Bréck tëschent senger eegener Vergaangenheet a sengem Schafe vun haut. Eng Retrospektiv, déi engersäits d’Evolutioun vum Lëtzebuerger Moler weist, ma awer och seng Bestännegkeet iwwer fënnef Joerzéngten.
De Brandy moolt no Gefill, wou all Pinselstréch a Geste setzt. Mol schafft hie mat Collagen, engem markante schwaarze Stréch oder spezifesche Formen, déi och emol e Revival kënnen erliewen.
Wärend sengem Studium an der Provence huet de Brandy ugefaangen, mat de Pigmenter ze schaffen a seng Toile selwer opzespanen. Eppes, wat bis haut bliwwen ass. Och wann et deemools net einfach war, hei zu Lëtzebuerg an enger Konschtzeen ze bestoen, déi quasi nach net existéiert huet, ass de Brandy ëmmer drubliwwen an huet sech fir seng Onofhängegkeet a seng Passioun fir d’Molerei duerchgesat.
D’Ausstellung "Passé, présent, Futur" vum Robert Brandy kann een nach bis den 18. Abrëll an d’Galerie Indépendance kucke goen.