De Weekend vum 5. a 6. Abrëll war de Fashion Weekend an den Internationale Festival vun der Moud am Centre Culturel zu Hollerech.

Um Festival geet et ëm international Connectiounen, fir Kënschtler an Designer aus verschiddene Länner iwwert Moud ze verbannen. Bei der Fashion Weekend war e Samschden Owend d’Halleffinall. D’Jury huet 10 Finalisten erausgesicht, déi sech an der grousser europäescher Finall am September kënne beweisen.

De But vum Festival ass en internationalen Echange, deen duerch verschidden international Designer erreecht gëtt. Et sinn Designer aus Thailand dobäi, ewéi d’Pimpa Kampab, oder aus der Ukrain, ewéi d’Katarina Chyvra. D’Katarina Chyvra kreéiert zum Beispill Konschtwierker, déi si dono als Kleedungsstécker verschafft.

D’Lëtzebuergesch Akademie fir Konscht a Moud (Luxafa) huet dëst Evenement organiséiert.