D'Serie "Headless Palms" befaasst sech ënner anerem mat der Bezéiung tëschent der Dattelpalm an de Mënschen am Süde vum Iran.

D’Kënschtlerin Samira Hodaei ass am Iran opgewuess a wunnt elo zu Berlin. Hir éischt kreativ Schrëtt huet si mam Grafikdesign gemaach. Doduerch huet si hir eegen Technik an der Molerei entwéckelt.

Samira Hodaei: "Ech war ëmmer scho faszinéiert vun de Pixel an engem Bild, an ech wollt mole wéi mat Pixelen, mee net genau eent zu eent. Ech wëll, datt een eng Distanz brauch, fir meng Biller ze kucken. Wann een da méi no erugeet, gesäit een d’Punkten. Op eng Manéier ass et eis Relatioun zu der virtueller Realitéit. Wann een erazoomt, da sinn do just Cuben a faarweg Punkten. Ech wollt eppes kreéieren, wat no doru kënnt, an dat ass wéi ech meng Molerei gesinn."

D’Serie "Headless Palms" befaasst sech ënner anerem mat der Bezéiung tëschent der Dattelpalm an de Mënschen am Süde vum Iran. An der Regioun Abadan, di gezeechent ass duerch den Iran-Irak Krich an duerch enger vun de gréissten Uelegraffinerien op der Welt, stinn dës Palmen ouni Kapp. 
 
"Di éischt Ueleg-Decouverte war an där Regioun. Et war esou schéin a gréng do, mee no der Ueleg-Decouverte a vill aner schlëmme Saachen, déi do passéiert sinn, wéi 8 Joer Krich an Ëmweltverschmotzung vun der Uelegraffinerie, ass villes zerstéiert ginn. Dorënner d’Palmen, déi iwwert d’Joren hir Kroun, also hire Kapp verluer hunn. D’Palmen hu bëssen d’Form vun engem mënschleche Kierper. Wann een de Kapp ofschneit, da stierwe se. An dann ass et egal, ob se nach verwuerzelt sinn."

Dattelpalm ass ee vun den eelsten en hellegste Beem. Historiker nenne se och "D’Kinnigin vun de Beem". Fir d’Mënschen am Iran ass et méi wéi just eng Planz, et ass e wichtegt Ierwen an huet niewent der wirtschaftlecher och eng spirituell Bedeitung.

"Déi Palme sinn e Symbol fir Stabilitéit a Resistenz vun de Leit, déi do liewen an do bleiwen. Egal wat ass, si hunn hir Wuerzelen do a se stinn nach. Gläichzäiteg hannerfroen ech och, ob et wierklech wichteg ass, wou ee seng Wuerzelen huet, wann ee kee Kapp a kee Liewe méi huet. Et ass also e Gefill vun Onsécherheet an Zweiwel." 

Fir hir Wierker benotzt d’Samira Hodaei Glasfaarf,déi si direkt aus der Tube Punkt fir Punkt opdréit. An dat souguer op ganz klenge Formater.

"Wann ee sech d’Biller ukuckt, da gesäit een, datt sech alles widderhëlt. Ech spille mam Format, fir och dës Widderhuelung vum Bild ze weisen. Kleng Formater maache Referenz un d’Gréisst vun engem Bildschierm an un eis virtuell Presenz". 
 
D’Palmen, déi fir Schutz a Nahrung suergen, sinn Affer vum Krich ginn. Dobäi kommen Dréchent an Ëmweltverschmotzung, sou datt iwwer d’Hallschent vun de 6 Millioune Palmen an der Regioun gestuerwe sinn. D’Samira Hodaei benotzt se als staark Metapher, och duerch dat wat si selwer an hirer Heemecht wärend an nom Krich erlieft huet.

"Fir mech ass et munchmol immens schwéier et an engem Saz ze erklären. Virun allem wann et ëm meng Molerei geet. Et si vill verschidde Gefiller dran, mee den Haaptsujet ass schonn d’Onsécherheet. E Gefill, dat een haut an esou ville Beräicher a Situatiounen huet. Et ass en haarde Sujet, mee mat der Manéier wéi ech d’Faarf eraussichen, probéieren ech ze weisen, datt alles zwou Säiten a vill verschidde Schichten huet."

Et ass eng kollektiv Geschicht, wou de Mënsch an d’Natur en existenzielle Kampf féieren. An d’Palmen ouni Kapp si wéi stomm Zeie vun der Zerstéierung, ausgeléist duerch de Mënsch.