Mario Vargas Llosa am Alter vun 89 Joer gestuerwen

De Vargas Llosa 2009 / © AFP
De Literaturnobelpräislaureat Mario Vargas Llosa ass e Sonndeg zu Lima am Krees vu senger Famill friddlech gestuerwen.
"Mat déiwer Trauer gi mir bekannt, datt eise Papp, Mario Vargas Llosa, haut zu Lima am Krees vu senger Famill friddlech gestuerwen ass", huet säin eelste Bouf Alvaro op der Plattform X an engem Post geschriwwen, deen och seng Geschwëster Gonzalo a Morgana Vargas Llaso ënnerschriwwen hunn.
Den Auteur hat an de leschte Méint aus der Ëffentlechkeet zréckgezunn an der peruanescher Haaptstad gelieft. An där Zäit gouf et Rumeuren ëm eng Verschlechterung vu sengem Gesondheetszoustand.
Am Oktober hat säi Fils Alvaro erkläert, de Vargas Llosa stéing "kuerz viru sengem 90. Gebuertsdag". Dat wier en Alter, "an deem ee seng Aktivitéiten e bësse reduzéiere sollt".
De Vargas Llosa, deen den 28. Mäerz 1936 gebuer ass, ass an enger peruanescher Mëttelstandsfamill opgewuess an huet fir d'éischt als Journalist geschafft. Zu senge bekanntste Romaner zielen nieft "Der Krieg am Ende der Welt" an "Das Fest des Ziegenbocks" och "Die Stadt und die Hunde", "Das böse Mädchen" an "Der Geschichtenerzähler". 2010 war de Vargas Llosa mam Nobelpräis an der Literatur ausgezeechent ginn.
Fir Kritik bei Lénksintellektuellen a Südamerika huet de Vargas Llosa mat sengen heefeg konservativen Usiichte gesuergt. 1990 war hie bei der Presidentschaftswal am Peru ugetrueden, ënnerlouch awer sengem Konkurrent Alberto Fujimori.