"Laang Waardeschlaange virum Lëtzebuerger Pavillon"
E Sonndeg ass am japaneschen Osaka d'Weltausstellung opgaangen.
Bis den 13. Oktober weise sech do ronn 160 Länner a Regioune mat engem Pavillon ënnert dem Motto "Designing Future Society for our Lives" vun hirer beschter Säit.
28 Millioune Visiteuren aus der ganzer Welt gi sech hei an den nächste Méint erwaart. Mattendran och Lëtzebuerg mat engem eegene Pavillon. A genau vun do huet de Jeff Spielmann Impressioune fir eis gesammelt a mam Generalkommissär vum Lëtzebuerger Pavillon geschwat.
Den André Hansen erkläert: "De Leitmotiv am Lëtzebuerger Pavillon ass 'Doki Doki - the Luxembourg Heartbeat' a mir wëllen de Visiteur emotional mat Lëtzebuerg verbannen, ënnert senge verschiddene Facetten."
Et geet duerch verschidde Raim, et ass immersiv an um Enn kritt een dann och nach Gastronomie a Kultursport gebueden.
Um Sonndeg war déi grouss Ouverture mat méi schlechtem Wieder. Elo ass et wiedertechnesch besser an et ass een zefridde mam Optakt.
"Mir si ganz zefridde mam Oflaf vum éischten Dag. Et waren 145.000 Leit um Site. Laang Waardeschlaange virum Lëtzebuerger Pavillon. Ech menge 'Mission accomplie'kann ee soe fir den éischten Dag."
Eng Presentatioun, déi d'Land och eppes kascht, mee dem Land och eppes soll bréngen.
"Déi meescht Japaner kenne Lëtzebuerg net a mir hunn hei déi eemoleg Chance, Lëtzebuerg virzestellen, mat eise Wäerter a Stäerkten als oppent Land."
Et gëtt eng japanesch Ekipp an eng lëtzebuergesch Ekipp, déi um Pavillon schafft, quasi eng Fusioun.
"Fir de japanesche Public duerch de Pavillon ze guidéieren, hu mer 29 Hostessen an déi schaffe mat engem Lëtzebuerger Staff zesummen, dass dat hei eng ronn Experienz gëtt."
Volle Programm nach bis den 13. Oktober. De geneeën Oflaf fënnt een hei:
www.expopavilion.lu.