All Joers am Abrëll, an dat schonn zanter 18 Joer, feieren d’ Associatioun "Le Printemps des Poètes – Luxembourg" an hir Partner d’Diversitéit an d’Kreativitéit vun der Poesie.

Vum 25. bis den 27. Abrëll bréngt de Festival "Printemps des Poètes" nees 11 Poeten aus 11 verschiddene Länner op Lëtzebuerg, déi dem Public mat hire Kreatiounen déi aktuell Tendenze vun der zäitgenëssescher Poesie presentéieren.
D'Motto vun dëser Editioun: "La poésie. Volcanique".

RTL

© neimënster

D'Zil vun dësem Festival ass et, d'Poesie an hirer ganzer Villfalt erliefbar ze maachen an ze weisen, wéi eng Kraaft a wéi een Inspiratiounspotenzial an dëser Konscht stécht.
Och dëst Joer spillt sech de Festival nees op dräi Plazen of, am Neimënster, am Forum da Vinci an an der Galerie Simoncini.

Dës Poeten a Poetinne sinn dëst Joer dobäi:

Laura Accerboni (Italien)
Esteve Bosch de Jaureguízar (Spuenien/Katalounien)
Jane Clarke (Irland)
Isabella Feimer (Éisträich)
Michal Habaj (Slowakei)
Rodolfo Häsler (Spuenien)
Blandine Merle (Frankräich)
Maria do Rosário Pedreira (Portugal)
Tereza Riedlbauchová (Tschechesch Republik)
Leo Tuor (Schwäiz)
Luce van den Bossche (Lëtzebuerg)
 
Nieft Liesungen a Gespréicher mat de Poete steet och Musek vum Pol Belardi (Neimënster) a vum Greg Lamy (Forum da Vinci) um Programm.

Dee komplette Programm vun Festival fannt Dir hei.