D'Monnerecher Musek um internationale Museksconcours Flicorno d'Oro

© Monnerecher Musek / Flicorno d'Oro
Vum 11. bis den 13. Abrëll war d'Monnerecher Musek bei der 25. Editioun vum renomméierte Museksconcours Flicorno d'Oro zu Riva del Garda.
Do trieden an Nord-Italien international Orchesteren a Kategorië vu verschiddene Schwieregkeetsgrade géinteneen un, déi vun enger internationaler Jury, zesummegesat aus renomméierte Fachleit aus der Museksbranche, bewäert ginn. Dëst Joer ware 40 Orchesteren aus 10 verschiddene Länner vertrueden. Mat dobäi bei der 25. Editioun war d'Monnerecher Musek an dat als zweet Lëtzebuerger Musek an der Geschicht vum Concours.
Mat hiren 53 Musikanten, ënnert der Leedung vum Sebastian Geis, hu si den Optakt an der éischter Kategorie gemaach. Dëst gouf mat engem staarke Resultat vu 86,35/100 Punkte belount.
Am Concours huet d'Monnerecher Musek d'Flichtstéck Cinecittà vum Daniele Carnevali gespillt, eng musikalesch Hommage un déi italieenesch Filmwelt. Als fräi gewielt Stéck gouf Alpina Saga vum Thomas Doss interpretéiert, deen och de President vun der internationaler Jury ass.
Fir de Grupp vu Lëtzebuerg war et méi wéi eng musikalesch Rees an d'Regioun ëm de Gardaséi.
2019 war d'Monnerecher Musek fir d'lescht bei engem internationale Concours, um World Orchestra Festival zu Wien, vertrueden. Deemools war et déi éischt Plaz an hirer Kategorie.
Hire Programm vum Flicorno d'Oro kann ee mat enger Rëtsch anere Stécker den 28. Mee um 19 Auer live op der Plëss an der Stad erliewen.