KI ass den Ament en Thema, wat divers diskutéiert gëtt. Sief et am Kontext vun der Medezin, der Wëssenschaft oder am alldeegleche Liewen. Och an der Konschtwelt huet sech déi kënschtlech Intelligenz schonn etabléiert.

Zanter de leschte Jore schéngt d'kënschtlech Intelligenz d’Welt a virun allem d‘Technik revolutionéiert ze hunn. A spéitstens zanter der Aféierung vu ChatGPT am Joer 2022 hu sech och d’Manéieren, den Internet ze benotzen, grondleeënd verännert. D‘Internet-Datebank, vun där KI-baséiert Systemer speisen, ass enorm.

Mat nëmmen e puer Klicks kann ee mat KI Biller oder Videoe konfiguréieren. Mat sougenannte "Prompts", oder Text-zu-Bild-Funktioune kann ee seng eegen Zenarien erstellen, déi dann zu engem Bild, enger Foto, oder engem Video verschafft ginn. Och Programmer wéi Photoshop schaffe mat KI.

Mee wéi definéiert een d'Auteursrecht vu KI-generéierte Biller? Basis ass ëmmer d’Internet-Datebank, wat bedeit, datt all KI-generéiert Bild aus Deeler vu scho bestoende Fotoen oder Illustratioune besteet.
 
KI a Konscht, ee Beräich, an deem et also nach vill intressant a kritesch Themen ze beliichte ginn. A wie méi well gewuer ginn, den 3. Mee gëtt et heizou eng Passepartout-Spezialsendung.