Fans hunn am Ganze ronn 2,3 Milliounen Euro verluer

© AFP
Am August zejoert hat déi brittesch Rockband Oasis annoncéiert, no 15 Joer nees zesummen op Tour ze goen.
D'Fans ware begeeschtert a wéi d'Tickete fir d'Concerten zu Manchester, Cardiff, London an Dublin, den 31. August an d'Vente gaange sinn, ware se bannent kuerzer Zäit alleguer verkaf. D'Nofro war esou grouss, dass d'Internetsitten, iwwert déi den offizielle Verkaf vun den Tickete gelaf ass, tëschenduerch ofgestierzt sinn.
Nach den nämmlechten Dag goufen op aneren Internetsitten fir honnerten an esouguer dausenden Euroen ugebueden. An der Suitte goufen ëmmer méi Fäll vu Bedruch duerch de Verkaf vu gefälschten Ticketen op de Sozialen Netzwierker gemellt. Eleng déi brittesch Bank "Lloyds" zielt ronn 1.000 Affer ënner hire Clienten. Dës hunn an der Moyenne 436 Pond verluer. An engem Fall waren et souguer 1.700 Pond. Zanter dem Ufank vum Verkaf vun den Tickete wieren der Bank no am Ganze wuel op d'mannst 5.000 Leit Affer vu Bedruchsmasche mat falschen Tickete ginn.
9 vun 10 Bedruchsaffer hätten déi falsch Ticketen op Plattforme vum Konzern "Meta" kaf, de Gros vun hinnen op Facebook.