Kanner a Jonker aus engem favoriséierte Milieu consomméiere Kultur méi an a méi enger grousser Varietéit wéi Jonker, déi net sou gutt gestallt sinn.

Dat geet aus enger neier Etüd ervir, déi de Fuerschungsinstitut Liser zejoert am Kader vum sougenannte "Kulturentwécklungsplang 2018-2029" bei Jonke vu 6 bis 21 Joer gemaach huet. Deemno géifen, vereinfacht gesot, Jonker, déi manner gutt situéiert sinn, méi Medie wéi de Fernsee oder déi sozial Reseaue consomméieren an déi aner méi divers Kulturoffere consomméiere wéi Bicher, artistesch Aktivitéiten, awer och Sport. Meedercher liesen och méi wéi d'Bouwen. Déi Jonk si gemenkerhand gutt equipéiert doheem mat Smartphone, Tëlee a Computer mat Internet. 93% soten, si géifen all Dag Tëlee kucken. Gekuckt ginn am meeschte Filmer a Serien. An dat gréisstendeels net live.

70% vun de Jonke lauschteren de Radio, am léifste fir d'Musek. D'Consommatioun vum Radio hëlt iwwregens mam Alter of. D'Musek spillt dann allgemeng eng grouss Roll am Alldag vun de Kanner an de Jonken. Museksplattforme gi scho vu Klengem u benotzt, fir Lidder ze lauschteren. Zu 93% sinn déi Jonk dann op de soziale Reseauen ënnerwee. De Weekend souguer tëscht 3 a 5 Stonnen den Dag.

3/4 vun de Jonken hunn an der Etüd uginn, datt se Bicher liesen. D'Bicher huelen allerdéngs mam Alter of. Bei der geschriwwener Press ass et just ëmgedréit.

Bal d'Hallschent vun de Jonken zu Lëtzebuerg maachen an hirer Fräizäit kënschtlech Aktivitéiten. En Drëttel spillt en Instrument an ee vu 5 ass am Sangen. A 70% sinn am Sport.

Bei de Kulturinstituter zitt dann de Kino déi meescht vun de Jonken un. Op der zweeter Plaz kommen d'Bibliothéiken.

55% vun de Kanner a Jonke ware schonn am Musée. Déi meescht maachen dat iwwregens mat hiren Elteren.