norway.today vum Igor Bauersima elo zu Esch op der Bün
Norway.today vum Schwäizer Schrëftsteller Igor Bauersima ass eent vun de bekanntsten däitschsproochegen Theaterstécker aus dem Joer 2000.
Et gouf a méi wéi 20 Sproochen iwwersat an ass weltwäit schonn an 200 Theateren opgefouert ginn. Et ass en Theaterstéck iwwert de Sënn an d’Sënnlosegkeet vum Liewen. Eng Geschicht vun zwee Jonken iwwer Trauer, Verzweiwlung, Hoffnung a Fräiheet. De Regisseur Nickel Bösenberg bréngt dat Ganzt elo fir den Escher Theater op d’Bün.
Norway.today erzielt vun zwee Jonken, déi sech an engem Online-Chatroom kenneléieren, fir zesumme Suicide ze begoen. D’Inspiratioun war eng reell Suizidgeschicht tëschent engem Norweger an enger Éisträicherin aus dem Joer 2000. De Regisseur a Schauspiller, Nickel Bösenberg war vun Ufank u vu Norway.today begeeschtert a wollt dëst dofir elo nei inzenéieren.
Vun 2003 bis 2004 war et dat Theaterstéck, wat an Däitschland am heefegsten opgefouert gouf. Et schafft vill mat Kameraen a Videomaterial. Am Joer 2000 war dëst nach ganz nei. Ronn 25 Joer méi spéit, huet sech allerdéngs Villes, virun allem wat Internet an Technik ugeet, verännert an dofir koum een net laanscht d’Fro, ob a wéi een dat Ganzt moderniséiert.
De Nickel Bösenberg huet sech awer géint eng Moderniséierung mat Handyen op der Bün entscheet, well et den Ament souwisou en Iwwerfloss u Medien am Theater géif ginn. Et hätt dem Theaterstéck och net gutt gedoen an dofir huet ee sech just op dat Néidegst beschränkt.
Haaptacteure sinn déi zwee Personnagen, déi sech op eng Rees ouni Retour maachen, gespillt vum Maja Jurić an Etienne Halsdorf.
Haut wier Norway.today nach ëmmer aktuell, well sech Probleemer, wéi Depressiounen a Suicide bei Jonken duerch ënnert anerem d’Sozial Medien héchstwarscheinlech verstäerkt hunn, esou de Nickel Bösenberg.
Fir d’Schauspiller war déi gréissten Erausfuerderung allerdéngs net dat schwéiert Thema, mee dee villen Text. Si hätte scho laang net méi an engem Theaterstéck matgespillt, fir dat si esou vill Text misste léieren, ma genau dat wier awer och de Spaass un deem Ganzen. Ausserdeem wier et flott sech an ënnerschiddlech Personnagen eranzeversetzen an nei Saachen iwwert sech an d’Figuren ze léieren.
Virun allem gëtt norway.today fir Schoulen opgefouert, ma de 26. Abrëll gëtt et am Ariston zu Esch awer och eng Virstellung fir de Grand Public.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu