Lyriker, Dichter an Auteur vu Lieserbréiwer am Alter vun 88 Joer verstuerwen

© Raymond Schaack (Privatfoto)
Seng Wierker kann een als konservativ, kritesch a melancholesch bezeechnen.
Gebuer gouf de Raymond Schaack 1936 an der Stad Lëtzebuerg. Seng fréi Kandheet huet hien zu Clierf verbruecht. Nodeems hie seng Lycée Zäit am Jongelycée an der Stad absolvéiert huet, ass hien op Paräis op d’Sorbonne an d’École des Chartes studéiere gaangen. 1960 krut hie säin Doktertitel an de Fächer Philosophie a Literatur.
Berufflech war de Raymond Schaack bis 2000 als Franséisch-, a Geschichtsproff a Jongelycée um Lampertsbierg an zu Esch beschäftegt. Hie war vun 1969 bis 1974 Präsident vun der Proffegewerkschaft APESS an zënter 1998 och Member vum Institut Grand-Ducal, Section Arts et Lettres.
Mam Schreiwen huet de Raymond Schaack awer réischt Mëtt der 1980er Joren ugefaangen. Zum enge war dat wéinst senger éischter Kriibs-Diagnos 1983 an zum Aneren nom schwéiere Verloscht duerch den Doud vun engem enke Frënd. Als Undenken u säi Kolleeg huet den Auteur "d'Lavallière"-Krawatt gedroen, déi gläichzäiteg zu sengem Markenzeeche ginn ass.
Säin éischt Wierk war "Miniatures" am Joer 1986 mat Gedichter op Franséisch. Spéider huet de Schrëftsteller och Saachen op Däitsch an op Lëtzebuergesch geschriwwen, dorënner och autobiographesch Texter, wéi zum Beispill "Eislécker Erënnerungen" (1990) iwwer seng Kandheet zu Clierf oder Kriminalgeschichten "E Fall fir de Charel" (2001) an "Nei Fäll fir de Charel" (2010). Seng spéider Haiku-Bänner "Das Atmen des Steins" (2006), an "Im Banne des Unendlichen" (2023) si ganz melancholesch ugehaucht.
Den Auteur gouf als konservativ beschriwwen, well hien dacks eng skeptesch Haltung géigeniwwer vun "Neiem" hat. Dat konnt een och a senge ville Lieserbréiwer am "Luxemburger Wort" erkennen. Modern Muséeë wéi de Mudam, den Tram, de Feminismus oder Institutioune wéi d'Fixerstuff waren him obskuer. Och Literatur-Magasinne wéi "Cahiers Luxembourgeois", "Nos Cahiers" oder "Galerie" hunn Texter vum Raymond Schaack verëffentlecht, grad ewéi "De Cliärrwer Kanton".
Am Ganzen huet den Auteur 21 Wierker verëffentlecht, als Lescht de Gedichtband "Braises hivernales" 2024 an der Kollektioun Graphiti bei den éditions Phi.
De Schrëftsteller hannerléisst säi Jong, Luc Schaack, mat deem hien och Kriminalgeschichte geschriwwen a publizéiert huet.