Optakt vum Foto Festival ass am Ratskeller vum Cercle Cité.

No den Theme Rethinking Nature 2021 a Rethinking Identity 2023 vervollstännegen d’Curateuren d’Trilogie dëst Joer mat Rethinking Photography. 28 Ausstellungen uechter d’Land weisen d’Wierker vu 77 Fotografen. Commissaire vun e puer Ausstellungen am Kader vum EMOP ass och dëst Joer rëm de Paul di Felice.

“’Rethinking Photography’ ass e bëssen e Resumé vun allem, well et fënnt een Theme rëm vun der Natur an Theme vun der Identitéit a wat ganz wichteg ass, ass d’Aart a Weis, wéi d’Artisten an der haiteger Zäit mam Bild ëmginn.”, sou de Paul di Felice.

De Paul di Felice ass Mat-Grënner vu Café-Crème. Déi Lëtzebuergesch Asbl ass schonn zanter 2006 Member vum EMoP, un deem, nieft Lëtzebuerg och nach Kulturprojekte Berlin, Bréisseler Foto Festival by Hangar, Imago Lisboa aus Portugal a Foto Wien deelhuelen.

An der Ausstellung gesäit een, datt Kënschtler rëm ëmmer méi dacks mat alen Techniken a Verfuere schaffen. Sief et mat dekonstituéiertem Archivmaterial, thermografesche Printen oder Videoen. Dat Ganzt ëmmer mam Hannergedanken, wat fir ee Wäert eng Foto an der haiteger Gesellschaft nach huet. Kaum en anert Medium gëtt esou immersiv genotzt wéi d’Foto.

De Fotograf Marco Godinho schafft fir seng Fotoe mat der “impression lenticulaire”, enger spezieller Technik, déi eng Aart Beweegung an d’Bild bréngt. D’Perspektiv vum Bild verännert sech par Rapport zum Betruechter. Ee vu senge Wierker weist den argentinesche Schrëftsteller Jorge Luis Borges.

Bei der Foto vum Borges kënnt nieft der spezieller Technik och nach de philosopheschen Aspekt dobäi. A wann ee sech beweegt kann een iergendwann en drëtt Bild gesinn, wéi ‘un troisième oeuil’”, sou de Marco Godinho.

Nieft der Expo am Cercle Cité sinn nach aner Galerien, Konschthaiser a Muséeën, déi am Kader vum Foto Festival schonn hier Dieren opgemaach hunn. Wie sech also fir Fotografie intresséiert, kann dëse Mount vill entdecken.

Um Site vum EMoP fannt Dir weider Informatiounen zu de verschiddenen Ausstellungen.