No 31 Joer laanger Sich ginn d'Geheimnisser vun der Gëllener Eil am Kino reveléiert

© La Découverte de la Chouette d'or / Affiche du film / Allociné
D'Geschicht ronderëm déi sougenannt "Chouette d'or" gouf en engem Dokumentarfilm festgehalen, deen e Freideg an e Samschdeg an de Kino leeft.
Dräi Joerzéngte laang hunn Dausende Leit no der wäertvoller Skulptur a Frankräich gesicht. Et goufe scho Rumeuren iwwer Bedruch. D'lescht Joer gouf d'Rätsel geléist.
An der Nuecht vum 23. Abrëll 1993 hat de Paul Régis Hauser, professionelle Rätsel-Expert, op enger geheimer Plaz iergendwou a Frankräich eng Skulptur vun enger Eil vergrueft. Wie se fanne sollt, gewënnt eng identesch Skulptur aus Gold - deemools geschätzte Wäert: 150.000 franséisch Frang.
Mat sengem Spill sollt hien eng vun de gréissten a leidenschaftlechste Schatzsichen op der Welt ausléisen. Dräi Joerzéngte laang hunn Dausende vu Leit no der "Chouette d'or" gesicht. Mat Metalldetektoren hu si Wisen, Felder an Dierfer ofgesicht. Verschiddener hu souguer op frieme Grondstécker Lächer gegruewen. Ee Mann hat souguer mat enger Piosch an der Entrée vun enger Bank dono gesicht.
An engem Buch gouf et op 22 Säiten 11 Rätselen, déi zesummen Hiweiser op d'Stopp geliwwert hunn. Ënnert anerem huet ee misse kartographesch Chifferen dekodéieren, historesch Uspillungen interpretéieren oder astronomesch Miessungen novollzéien. Iwwer 70.000 Exemplaire vum Buch huet den Hauser ënnert d'Leit kritt.
Nom Doud vum Régis Hauser 2009 war allerdéngs net gewosst, wéi et mat der Sich géing weidergoen. Zwar hat den Hauser bei engem Notaire e Bréif mat de Koordinaten hannerlooss, ma ëm dëse gouf et e jorelaange Rechtssträit mam Sculpteur vun der Eil-Figur. 2021 hat eng Dierwiechterin d'Stopp iwwerpréift an dat antëscht verrascht Déier duerch eng nei Replik ersat.
31 Joer sollt et schlussendlech daueren, bis d'Choutte d'or endlech fonnt gouf. Mä wou genee louch déi Gëllen Eil bis dohin a wéi gouf se fonnt? Dat gëtt zum Deel an der Dokumentatioun "La Découverte de la Chouette d'Or" reveléiert, déi e Freideg an e Samschdeg an de Kinoen a ganz Frankräich gewise gëtt. Och zu Lëtzebuerg kann een den Dokumentarfilm e Freideg den Owend um Kierchbierg kucken.
Fannt hei all d'Kinoen, an deenen de Film gewise gëtt.

© AFP
Méi Detailer fannt Dir am Artikel vun RTL Infos.