"We want movies made in America, again!", schreift den US-President op senger Online-Plattform. Alles a grousse Buschtawen natierlech.

E Sonnden huet den Donald Trump eng Douanestax vun 100% op Filmer annoncéiert, déi net an den USA gedréint goufen.
 
"Aner Natiounen hunn den USA hir Fäegkeet, Filmer ze maachen, geklaut. Mir maachen hautzedaags immens wéineg Filmer, Hollywood ass amgaangen zerstéiert ze ginn. Wa si hir Filmer net an den USA wëllen dréinen, da brauche mir en Tarif op Filmer, déi erakommen. An net nëmmen dat: aner Regierungen ënnerstëtzen hir Filmer finanziell, an dat ass a gewësser Weis eng Gefor fir eist Land."

US-Stroftaxen op auslännesche Filmer / Reportage Jean-Marc Turmes

 
Faktesch ass et esou, dass déi amerikanesch Filmindustrie sech beklot, well zanter Covid d’Aktivitéiten ëm 40% zeréckgaange sinn. Ee Grond dofir kéint sinn, dass amerikanesch Produktiounen hir Tournagen dacks an d’Ausland verleeën, well et sech do aus verschiddene Grënn méi bëlleg schaffe léisst. D’Paie si méi niddereg an et gëtt Ënnerstëtzung a Form vu steierleche Virdeeler zum Beispill. Den Donald Trump wëll mat senger Douanestax vun 100% op auslännesch Filmer Filmproduktiounen nees zeréck an d’USA lackelen.
 
De Guy Daleiden dozou:
"Natierlech, wann eng amerikanesch Boite, déi an Europa dréie kënnt, op eemol méi muss bezuelen – wou ech elo nach ëmmer net verstinn, wou dat kéint sinn - dann iwwerleeën déi sech, ob se iwwerhaapt nach an Europa dréie kommen. Well se fäerten et géing méi deier ginn! Doduerch wär manner amerikanesch Produktioun an Europa."
 
Wéi een Impakt hätt dat Ganzt op Lëtzebuergesch Filmer?

De Claude Waringo:
"Déi Lëtzebuerger Filmer, déi an Amerika verkaf ginn, wat jo ganz reegelméisseg virkënnt, déi géifen dann effektiv manner Sue kréien. Well déi Sue musse jo vun iergendwou hierkommen. An dat ass normalerweis dat, wat een als ‘MG’ bezeechent, dat heescht ‘Minimum Garanti’. Dat sinn déi Suen, déi mir kréie vun engem amerikaneschen Distributeur. Wann deen awer muss Zoll drop bezuelen op, ech soen einfach emol, 100%, da wäert hien eis an Zukunft amplaz 100% 50% ginn."
 
Éischtens sinn déi Taxen awer nach net ëmgesat, zweetens kéint dee Schoss no hanne lassgoen, well esou vill Filmer importéieren d’Amerikaner net. An Europa lafen awer vill US-amerikanesch Produktiounen an de Kinoen. D’Fro, déi ee sech ka stellen, ass, firwat den Trump déi amerikanesch Filmwirtschaft net national subventionéiert, wéi dat zum Beispill am Bundesstaat New York schonn de Fall ass.

De Guy Daleiden erkläert:
"Mir si gewinnt, iwwer Tax-Kreditter oder iwwer Subventiounen den europäesche Kino z’ënnerstëtzen. Hie wëll dat net, hie wëll der amerikanescher Filmwirtschaft awer ënner d’Äerm gräifen. Ergo seet hien: da loosse mer déi aner bezuelen!"