Vum 12. bis de 25. Mee ass déi 18. Editioun vum Flamenco Festival Esch.

Bis de 25. Mee ass Esch-Uelzecht d'Haaptstad vum Flamenco. De Festival huet sech an de leschten 18 Joer eng international Renommée opgebaut.

Den Optakt vum Festival mécht e Méindeg den Owend (12. Mee um 18h30) de Film "Nueve Sevillas" deen 9 Personnage virstellt, déi e Lien mat der Stad Sevilla a mam Flamenco hunn. D'Stater Cinémathèque ass och dëst Joer nees eng vun de Plazen, op deenen de Festival present ass.

Mä natierlech bleift Esch den Epizenter vum Festival, dee sech ëm déi enorm divers Konschtform vum Flamenco dréint. Nieft der Kulturfabrik, wou nieft 4 Danz-a Musek-Spektakelen och verschidden Atelieren ugebuede ginn, ass och den Escher Theater mat dobäi, an, ganz nei dëst Joer, den Escher Conservatoire.

Besonnesch houfreg sinn d'Organisateuren dëst Joer dorop, dass direkt zwee Spektakelen zu Esch hir Welt-Première feiere wäerten: D'Compagnie Sara Jiménez huet hire Spektakel "Fragmentos de la noche" (22. Mee um 20h00 an der Kufa), dee sech un der griichescher Mythologie inspiréiert, extra fir de Flamenco Festival zu Esch kreéiert.

Och de Spektakel "Deuteronomio 5: 8-10" (17. Mee um 20h00 an der Kufa) vun der Compagnie Iván Orellana an Alberto Sellés, eng Performance, déi Elementer vum traditionelle Flamenco mat modernen Aflëss kombinéiert, ass extra fir Esch 2025 zesummegestallt ginn.

Dat si just e puer vun enger Dosen Evenementer, déi de Flamenco Festival 2025 ausmaachen. An als klengen Extra kann ee sech nach den Optrëtt vun der Maria Moreno de 4. Juli um Wëlzer Festival an de Kalenner schreiwen.