Kuerz virun der grousser ESC-Finall huet den däitschen ESC-Delegatiounschef fir Opreegung zu Basel gesuergt.

Wärend engem Concert vun der Band "Juicy Lemon Club" zu Basel, iwwerhëlt bemol de Chef-Organisateur vun der däitscher ESC-Delegatioun Stefan Raab d'Bün a spillt mat enger eegener Band den däitsche Song "Baller" vum Abor & Tynna, déi jo fir eis Noperen den Owend an der Finall optriede wäerten. Geschitt ass dat Ganzt schonn en Donneschdeg. D'Band Juicy Lemon Club huet op de Virfall entspaant a mat Humor reagéiert, andeems si kuerzerhand matgespillt hunn, wéi een an hirem Video op Instagram ka gesinn.

Ma och wa si et um Ufank nach witzeg fonnt hunn, huet d'Band sech duerno respektlos behandelt gefillt, wéi se am Video schreift. Wärend vill User kommentéieren, datt d'Aktioun vum Raab "onangeneem" oder "cringe" war, ginn et der awer och eng Rei, déi der Band Courage maachen an drun erënneren, datt d'Aktioun hinnen eventuell och vill nei Fans abrénge wäert. Vläit kann dës "Reklamm", déi den däitschen Entertainer fir seng Protégéeën Abor an Tynna maache wollt, schlussendlech also villäicht och fir "Juicy Lemon Club" zum Virdeel ginn.