Schüler aus Lëtzebuerg gewanne Sëlwer a Bronze

© Lëtzebuerger Philosophieolympiad
D'Noémie Turquin an de Viljami Viinamäki hunn op der Internationaler Philosophieolympiad 2025 zu Bari Sëlwer a Bronze gewonnen.
Am Kader vun der 7. Editioun vun der Lëtzebuerger Philosophieolympiad hate sech déi zwee 18 Joer al Schüler aus dem Lycée Ermesinde fir déi international Finall qualifizéiert. Bei der Internationaler Philosophieolympiad (IPO 2025) mam Thema "Philosophie als Wee zur Gesellegkeet" waren dëst Joer 116 Schüler an eng 150 Philosophieprofesseren, Begleedpersonal a Benevollen aus 55 Länner dobäi.
Wärend véier Stonnen hunn d'Schüler un engem philosopheschen Essay geschriwwen, dee sech op een Zitat bezitt vun enger bekannter Philosophin oder engem bekannte Philosoph. Philosophieprofessere evaluéieren dann an zwou Ronnen déi verschidden Texter op enger Nott vun am Ganzen zéng Punkten. An engem komplexe Ranking ginn dann déi bescht Essaye bestëmmt an un den Olympesche Kommitee weidergeleet. Dëse bewäert d'Essayen nach eng Kéier a leet d'Verdeelung vun de Medaile fest.
Bei der Präisverdeelung e Sonndeg de Moien zu Bari goufen d'Lëtzebuerger Noémie Turquin an de Viljami Viinamäki fir hir besonnesch Leeschtung mat Sëlwer a Bronze geéiert. De Buergermeeschter vu Bari, de Vito Leccese, huet d'Participante vun der IPO ofschléissend empfaangen, fir hinnen ze gratuléieren.
Weider Impressioune vun der IPO 2025 fannt Dir op der Instagramsäit vun der Lëtzebuerger Philosophieolympiad.