Wéi leeft sou een Dag bei der Finall vum Eurovision Song Contest of? De Loïc Juchem mat Erklärungen dozou.

Et war en Owend mat villen Emotiounen. E Samschde war déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest. Um Enn konnt sech den Éisträicher JJ duerchsetzen. Lëtzebuerg war als zweet Land drun an eng 22. Plaz ass fir d’Laura Thorn erausgesprongen. 
 
Et ass net dat d’Resultat, wat d’Lëtzebuergerin sech gewënscht huet, an awer ass déi 25 Joer al Sängerin houfreg driwwer, iwwerhaapt sou wäit komm ze sinn. "Et hätt net vill geännert, wann ech op déi 5. Plaz komm wier, fir den Ego wier et natierlech flott gewiescht", esou d’Laura Thorn direkt nom Optrëtt.

E Samschde war de groussen Dag, scho moies fréi ass et lassgaange mat Maquillage a Coiffeur. Mëttes war nämlech nach déi lescht Prouf, och do ware Spectateure mat dobäi, et huet also alles misste klappen. Géint 18.30 Auer war déi Prouf dunn eriwwer an et huet ee sech direkt erëm missten op déi grouss Emissioun um 21 Auer preparéieren.

Mat 5 Dänzer stoung d’Laura Thorn déi ganzen Zäit op der Bün, wärend all de Woche sinn do och Frëndschaften entstanen. Dernieft hat d’Musekerin eng ganz Ekipp ronderëm sech, mat ënnert anerem Vocal Coachen, och a schwéieren Amenter, wann d’Stëmm beispillsweis fort war, hu si d’Sängerin ënnerstëtzt.
 
Eng dräi an hallef Stonn läit Basel mam Auto vu Lëtzebuerg ewech, dofir hunn och Lëtzebuerger profitéiert, fir op d’Plaz ze kommen, mat dobäi war och dem Laura säin Direkter aus dem Conservatoire. Um Enn vum Owend huet hie sech ganz emotional gewisen an e war begeeschtert iwwert den Optrëtt vu senger Mataarbechterin. Géint 1 Auer war d’Emissioun eriwwer, den Owend ass awer nach virugaangen. Et huet geheescht der nationaler Presse nach Interviewe ginn, du goung et zeréck an den Hotel an do hu géint 3 Auer nach seng Elteren a säin Direkter op et gewaart. 
 
D’Laura gouf 22. vun am ganze 26 Participanten, ma mat 25 Joer op enger vun de populäerste Büne vun der Welt ze stoen, dat eleng ass schonn e Merite. Elo well d’Laura weiderhin un neier Musek schaffen a Concerte ginn.

En Dënschden heescht et awer erëm Coursen am Conservatoire ginn, déi Kleng freeë sech bestëmmt hire Superstar erëm fir sech ze hunn.