Eko Fresh, das Lumpenpack an Nosi um e-Lake 2025

D'Band Itchy um e-Lake 2024 / © Sven Benz
Vum 8. bis den 10. August gëtt et nees musikalesch um Iechternach Séi. E Freideg gouf de Line-up vum gratis Festival annoncéiert.
Um éischten Dag geet et lass mat nationalen an internationale Kënschtler am Beräich Rock, Pop, Hip-Hop a Rap. Headliner sinn ënnert anerem den däitsche Rapper Eko Fresh, dee scho fir d'zweet Kéier um e-Lake optrëtt an déi däitsch Band "das Lumpenpack", déi sech an der Rock- a Pop-Musek en Numm gemaach hunn a mat hirem 7. Studioalbum "Nie wieder W.A.C.H." optriede wäerten. D'Lëtzebuerger Hip-Hop-Zeen gëtt duerch De Läb vertrueden.
Um Samschdeg, wou traditionell déi elektronesch Musek am Mëttelpunkt steet, gëtt dëst Joer de Fokus op déi Lëtzebuerger Musekszeen geluecht. 16 vun den 21 Kënschtler kommen nämlech aus Lëtzebuerg. Domat wëll de Festival e kloert Zeeche setze fir säin Engagement, heemesch Kënschtler eng Plattform ze bidden. Nieft de bekannte Lëtzebuerger DJen Nosi a WazToo trieden ënnert anerem och den EchJo, LnX, Monotoleranz, NettHugo um Samschdeg op. Aus der internationaler Elektro-Zeen sinn ënnert anerem den Giuseppe Ottaviani, Danth an d'DJe Mark Sixma an Orjan Nilsen, déi als gemeinsame Projet "nilsix" optrieden, dobäi.
De Sonndeg ass dann traditionell der Lëtzebuerger Musek gewidmet. Hei kënnen d'Leit sech ënner anerem op Schëppe Siwen, Serge Tonnar Trio, dr.gonZo a Mambo Schinki freeën.
Och dëst Joer wäert et kee Camping ginn. Fir trotzdeem eng sécher an einfach Urees ze garantéieren, kann een op gratis Navetten zréckgräifen. De Bussystem géing dëst Joer ausserdeem weider ausgebaut ginn.